Freitag, 19 April 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

Réckbléck op d'Porte Ouverte

Den 22. September 2019 huet de CISLAC seng 1. Porte Ouverte organiséiert. Ziel war et de Leit en Abléck an d’Rettungswiesen ze ginn. De ganzen Dag iwwer konnt Jiddereen sech e Bild vum Rettungsdéngscht aus der Stauséigemeng maachen an e bëssen hannert d’Kulisse kucken. D’Memberen aus dem Zenter stoungen de Leit Ried an Äntwert an hunn Erklärungen zum ausgestallte Material ginn.

Des Weidere goufen et Presentatiounen zum richtegen Ëmgang mam Defibrillator an et konnt ee séin Wëssen a Punkto Reanimatioun opfrëschen. Hei sinn et dann och Informatiounen zum First Responder Service vum CISLAC ginn.

Spektakulär waren d ‘Demonstratiounen zum korrekten Ëmgang mam Feierläscher. Wat geschitt wann een e Fettbrand mat Waasser läscht? Wéi verhält sech eng Spraydous wann et ronderëm brennt? Wéi kréien ech de Brand mam Feierläscher ënner Kontroll bruecht? Alles dat konnt een sech live op der Platz ukucken. Zousätzlech zu den Erklärungen a Virféierunge konnt och Jidderee selwer den Ëmgang mam Feierläscher üben.

D’Pompjeeë sinn awer net nëmme vir déi Erwuessen. Ab 8 Joer kann ee bei de Jugendpompjeeë matmaachen. Eng flott Fräizäitbeschäftegung bei där een, zesumme mat senge Kollegen, eppes vir d’Liewe léiert. An engem klengen Atelier konnten d’Kanner sech heivunner e Bild maachen.

Dir oder är Kanner sinn interesséiert am Rettungsdéngscht mat ze maachen, der grousser Famill vum CGDIS bei ze trieden, an sou äre Matmënschen e wäertvollen Déngscht ze bidden? Dann zéckt net a mellt Eech bei eis. Gäre gi mir Eech weider Explikatiounen.

PP

 

E puer Andréck vun der Porte Ouverte:

 

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben