Dienstag, 16 April 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

Stuerm Eleanor - Vill Beem ëmgefall

An de fréie Mueresstonne vum 03. Januar huet de Stuerm "Eleanor" och an eiser Géigend seng Spueren hannerlooss. De Poste Fixe vum CISLAC ass besat ginn, vu wou aus d'Asätz koordinéiert goufen.

Während den éischte Stonnen, wéi de Stuerm am stäerkste war, goufen d'Asätz mat 2 Sektioune gläichzäiteg bewältegt. Bis géint 10 Auer huet sech eng Sektioun am Zenter prett gehale vir zu all Moment kënnen auszerécken.

Bis zur Mëttesstonn sinn 12 Beem geraumt gi vir d'Verkéiersweeër erëm frei ze maachen. Des Weidere stoung wéinst dem ville Reen e Keller ënner Waasser.

 

 

2018010301

2018010302(Archivbild)

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben