Réckbléck op d'Asätz vun de leschten Deeg
22.08.2018 - Kuerz no 18:00 Auer ass de CISLAC wéinst engem Bëschbrand alertéiert ginn. De Brand louch tëschent Kauneref an Esch-Sauer a war nëmme schwéier iwwert Bëschweeër ze erreechen. Den TLFA2.1 (Mercedes Unimog) vum CISLAC eegent sech besonnesch gutt vir sou Asätz of ze schaffen.
|
Asaatz-Stéchwuert: |
B1 |
| Asaatz-Platz: | Kauneref - Esch-Sauer |
| Mannschaftsstäerkt: | 17 |
| Asaatz-Mëttel: | ![]() |
| Ënnerstëtzung: |
Pompjeeën Esch-Sauer / Police |

23.08.2018 - Brand an engem Hiwwel laascht de CR309 zu Tarchamps kuerz virun 18:00 Auer. D'Feier konnt séier vun de Pompjeeën ënner Kontroll bruecht ginn. Eng Equipe vum CISLAC huet sech em d'Noläschaarbechte bekëmmert an esou en neit entfache vum Feier verhënnert.
|
Asaatz-Stéchwuert: |
B1 |
| Asaatz-Platz: | CR309 Tarchamps |
| Mannschaftsstäerkt: | 6 |
| Asaatz-Mëttel: | ![]() |
| Ënnerstëtzung: |
/// |

24.08.2018 - Géint 12:20 Auer ass et zu engem Zesummestouss vun engem Motorrad an engem Auto komm, dëst op der Kräizung N26/CR318, Schumann's Eck a Richtung Rulljen. De Motorradsfuerer ass liicht verletzt ginn, d'Strooss huet nom Accident, wéinst ausgelafene Betriebsstoffer, misse gebotzt ginn.
|
Asaatz-Stéchwuert: |
VU1 |
| Asaatz-Platz: | Kräizung N26/CR318 |
| Mannschaftsstäerkt: | 6 |
| Asaatz-Mëttel: | ![]() |
| Ënnerstëtzung: |
Police |

26.08.2018 - Op der Streck tëscht Kauneref an Esch-Sauer si kuerz no 14:00 Auer 2 Autoen anenee gerannt woubäi et zu gréisserem Materialschued komm ass. De First Responder vum CISLAC war mat op der Plaatz.
|
Asaatz-Stéchwuert: |
VU2A2 |
| Asaatz-Platz: | Kauneref - Esch-Sauer |
|
Mannschaftsstäerkt: |
9 |
| Asaatz-Mëttel: | ![]() |
| Ënnerstëtzung: |
CISLAC First Responder / 2 Amb. Wolz & Rammerich / Sauvetage Wolz / Police |




