Dienstag, 16 April 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

Gemeinschaftsübung zu Béiwen

E Samschden den Owend, 27. Oktober 2018, huet de CISLAC zesumme mat de Pompjeeskollegen aus de Gemenge Bauschlelt, Wanseler a Wolz, eng grouss ugeluechten Übung ofgehal. Zu Béiwen am Centre Culturel ass folgenden Zeenario simuléiert ginn:

Während an der Hall grad eng Sportsmanifestatioun statt fënnt, ass zäitgläich am Keller en Techniker am gaange Reparatiounsaarbechten un der Heizung duerch ze féieren. Zu engem gewësse Moment kënnt et am Heizungskeller zu enger Explosioun an et entsteet e Brand deen sech, bedéngt duerch d'Konstruktioun vum Gebai, séier duerch d'Trapenhaus ausbreede kann. Heibäi entseet eng staark Dampentwécklung.

20181027004

D'Leit déi sech zu deem Zäitpunkt am Gebai ophale ginn duerch d'Explosioun direkt op de Virfall opmierksam a kennen d'Hall rechtzäiteg verloossen. Bausse fält allerdéngs op, dass 1 Persoun feelt a sech wuel nach am Gebai befënnt. Des Weideren ass den Aarbechter, deen un der Heizung geschafft huet, néierens ze fannen. Och hie wäert wuel nach iergendwou am Gebai sinn.

Déi 1. Pompjeeën déi op der Platz ukomme bereeden sech direkt vir eng Persounesich an e Bannenugrëff vir. Sie equipéieren sech heifir mat schwéierem Otemschutz. Stack vir Stack a Raum vir Raum duerchsiche sie d'Gebai, bréngen 2 verletzte Persounen eraus a bekämpfen de Brand. Ee vun de Patiente gëtt mat der Dréileeder eraus geholl. Allenzwee ginn se vum First Responder nach op der Platz betreit.

20181027002

20181027003

Virun der Dier gëtt eng sougenannte Riggelstellung opgebaut an domat en Gebai, dat sech an der direkter Ëmgéigend befënnt, virum Feier geschützt.

20181027005

Séier fält awer och op, dass bedéngt duerch d'Explosioun, e Masuttstank futti gefuer ass. Deen auslaafende Masutt sicht sech säi Wee duerch de Kanal an d'Baach wou en dreet an de Stau ze lafen. Vir dëst ze verhënnere gëtt e Barrage opgeriicht an de Masutt kann oofgefange ginn.

20181027001

Zum Schluss war et, wéi gesot, nëmmen eng Übung. 45 Pompjeeën hunn sech un dësem flotten Exercice bedeelegt.

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben