Schéi Feierdeeg!
- Veröffentlicht: Dienstag, 19. December 2017 10:06
- Zugriffe: 839
E Freiden de 15. Dezember ass et kuerz no 21:00 Auer zu engem Kamäibrand an engem Eefamilljenhaus zu Kauneref komm.
D'Pompjeeë vum CISLAC zesumme mat de Kollegen aus dem Interventiounszentrum vu Wolz hunn sech em d'Brandbekämpfung gekëmmert. Heibäi ass d'Dréileeder an den Asaatz komm. Mat Hëllef vun enger Wärmebildkamera gouf séchergestallt, dat d'Feier definitiv aus ass. Et ass gelongen de Brand op déi Platz ze begrenze wou en entstanen ass.
Asaatz-Stéchwuert: | B1DL (Brand 1 mit Drehleiter) |
Asaatz-Platz: | Kaundorf, um Schoss |
Mannschaftsstäerkt: | 13 |
Asaatz-Mëttel: | ![]() ![]() ![]() ![]() |
Ënnerstëtzung: | Wiltz |
Den 11. November 2017 organiséiert d'Amicale vun de Pompjeeë Béiwen en Lëtzebuerger Owend zu Kauneref. Kuckt de Flyer hei ënnendrënner vir weider Detailer.
Mer wënschen elo well e gudden Appetit a gesinn eis den 11. November ab 19:00 Auer zu Kauneref!
Vill Aarbecht gouf et um Sonndeg Nomëtteg vir de CISLAC wou direkt 2 Asätz ze vermierke sinn.
Op der Streck tëschent Kauneref a Léifreg, respektiv tëschent Mecher a Léifreg waren all Kéiers e puer Beem ëmgefall an hunn d'Fuerbunn blockéiert.
Nach während dem Asaatz goung eng weider Alerte an. Zu Noutem war et an engem Wunnhaus zu engem Kamäibrand komm. Mat schwéierem Otemschutz equipéiert konnt de Brand ënner Kontroll bruecht ginn. Uschléissend gouf d'Brandplatz mat enger Wärmebildkamera kontrolléiert vir auszeschléissen, dat d'Feier op en neits ugeet.
Asaatz-Stéchwuert: | B1DL |
Asaatz-Platz: | Nothum, um Knupp |
Mannschaftsstäerkt: | 12 |
Asaatz-Mëttel: | ![]() ![]() ![]() ![]() |
Ënnerstëtzung: | Wiltz |
Den 10. Oktober, kuerz no Hallefnuecht, ass de CISLAC wéinst enger Ueleg-Spuer op Kauneref geruff ginn. Duerch en techneschen Defekt un enger landwirtschaftlecher Maschinn war et zu enger Verschmotzung vun der Strooss op enger Längt vu méi wéi 200 Meter komm.
Asaatz-Stéchwuert: | G1 (Gefahrgutunfall 1) |
Asaatz-Platz: | Kauneref, CR316 |
Mannschaftsstäerkt: | 9 |
Asaatz-Mëttel: | ![]() ![]() ![]() |
Ënnerstëtzung: | / |