Donnerstag, 22 August 2019
A+ R A-

Aktuell

Ueleg-Spur(en)

  • Veröffentlicht: Dienstag, 18. October 2016 22:05
  • Zugriffe: 640

De Weekend vum 15./16. Oktober 2016 hutt de CISLAC direkt 2 Mol missen ausrécke vir Ueleg-Spuren an der Stauséigemeng ewech ze maachen. Iwwer méi Kilometeren hat e Gefier zu Béiwen an zu Léifreg Mazout verluer.

Wëldowend

  • Veröffentlicht: Samstag, 17. September 2016 08:47
  • Zugriffe: 2236

Och dëst Joer organiséiert d'Amicale vun de Pompjeeë Béiwen hire Wëldowend zu Kauneref.
Profitéiert vun eiser Navette innerhalb der Stauséigemeng. Sot bei der Umeldung Bescheed, dann huele mer Eech doheem of a féieren Eech zu der gewënschter Zäit och nees Heem.

Meld Eech séier un! Mer freeën eis op Äre Besuch!

 

Den neien ELS

  • Veröffentlicht: Freitag, 19. August 2016 10:05
  • Zugriffe: 338

An engem Artikel deen den 18.08.2016 op rtl.lu publizéiert ginn ass kritt Dier e klengen Abléck an d'Häerzstéck vum 112 an domat vun de Rettungsdéngschter. Et handelt sech heibäi em den ELS, den Einsatzleitsystem. Méi Detailer ginn et ënner folgendem Link:

http://www.rtl.lu/letzebuerg/archiv/945197.html

Doud vum Här Jean Lorang

  • Veröffentlicht: Dienstag, 23. August 2016 07:00
  • Zugriffe: 404

POMPJEEËN VUN DER
STAUSÉIGEMENG


hunn déi traureg Flicht, den Doud vum


Här Jean Lorang
Member säit dem 01.05.1955
langjährigen Kommandant an Éirekommandant
vum fréieren Corps Kaunerëf-Léifrig


matzedeelen.


Mir senn dankbar fir déi
vill schéin Momenter a Stonnen,
déi mir zesumme verbrénge konnten
a wäerten heen ëmmer a beschter Erënnerung halen.


Der Famill am Trauer drécke mir eist déifste Bäileed aus.

Asätz vun de leschten Deeg

  • Veröffentlicht: Samstag, 23. July 2016 22:01
  • Zugriffe: 1169

An de leschten Deeg ass de CISLAC op insgesamt 3 Asätz geruff ginn. Zwee dovunner op der N15, tëscht dem Pommerlach an Bitscht. Enker wéinst enger staarker Dampentwécklung un engem Gefier an enker wéinst engem Bam deen d'Fuerbunn blockéiert hutt.
Den 3. Asaatz war en Accident op der N26 tëscht dem Schumannseck an Béiwen. Den accidentéierten Auto hat hei Ueleg verluer, d'Strooss hutt misse gebotzt ginn.

 

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben