Sonntag, 17 January 2021
A+ R A-

Aktuell

Iwwerschwemmung

  • Veröffentlicht: Freitag, 27. May 2016 22:49
  • Zugriffe: 3017

De CISLAC ass haut géint 16:00 Auer op Noutem an d'Duerfstrooss geruff ginn, well et hei zu enger Iwwerschwemmung komm war. Bedéngt duerch de ville Reen hunn sech op engem ugrenzende Feld grouss Waassermassen ugesammelt déi dunn a Richtung vun den Haiser ofgefloss sinn. Heibäi gouf vill Buedem a Steng mat ofgeschwemmt.

Nodeems de Reen nogelooss hat konnt mat den Opraumaarbechten ugefaange ginn. Zesumme mam Service Technique vun der Stauséigemeng an den Awunner vun Noutem gouf de Bulli op d'Säit gefouert an d'Strooss gebotzt.

Wéinst deene grousse Waassermassen ass et och op engem Bauerenhaff zur Iwwerschwemmung komm. Och hei hutt de CISLAC gehollef d'Kanäl frei ze maachen an sou dofir ze suergen, dat d'Waasser konnt offléissen. (PP)

Grënnungsversammlung

  • Veröffentlicht: Mittwoch, 11. May 2016 12:27
  • Zugriffe: 1023

De 07. Mee 2016 gouf zu Béiwen am Festsall déi 1. Generalversammlung vum Centre d'Incendie et de Secours de la Commune du Lac de la Haute-Sûre (CISLAC) ofgehal. Während dëser Versammlung gouf iwwert d'Statuten ofgestëmmt an domat den Neie Corps gegrënnt.

Chef de Corps vum CISLAC ass den Thierry SCHON, säin Adjoint ass de Patrick ROLLES

De Buergermeeschter René MICHELS hutt vun dëser Geleeënheet profitéiert vir dem Thierry symbolesch de wäissen Helm ze iwwerreechen an him domat vir säin neie Posten ze gratuléieren. (PP)

 

Wëllkomm

  • Veröffentlicht: Sonntag, 21. February 2016 10:16
  • Zugriffe: 681

Härzlech Wëllkomm um Internetsite vum Centre d'Incendie et de Secours de la Commune du Lac de la Haute-Sûre (CISLAC).

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben

       

Wir nutzen Cookies auf unserer Website. Einige von ihnen sind essenziell für den Betrieb der Seite, während andere uns helfen, diese Website und die Nutzererfahrung zu verbessern (Tracking Cookies). Sie können selbst entscheiden, ob Sie die Cookies zulassen möchten. Bitte beachten Sie, dass bei einer Ablehnung womöglich nicht mehr alle Funktionalitäten der Seite zur Verfügung stehen.