Donnerstag, 28 March 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Beien an Harespelen; wéi erkennen ech se a wat maachen?

  • Veröffentlicht: Montag, 22. June 2020 09:55
  • Zugriffe: 4449

Et ass en Thema dat vir de Moment erëm an der Aktualitéit ass; Beien an Harespelen. Vill Leit hunn en Nascht bei sech doheem a wëssen net em wat fir eng Déieren et sech handelt oder wéi se sech richteg solle verhalen. Folgend Infographie'e solle beim korrekten Ëmgang mat dëse Liewewiesen hëllefen.

D'Natur an Ëmwelt ASBL bitt Eech zudeem e Beroder Service un. Hei de Link op hier Homepage vir all weider Detailer:
https://www.naturemwelt.lu/beraternetzwerk-fur-wespen-von-naturemwelt-a-s-b-l/

 

   Flyer Natur & Ëmwelt: Download

 

 

 

Verdeele vun de Masken

  • Veröffentlicht: Samstag, 18. April 2020 12:54
  • Zugriffe: 2550

Haut de Moien (18/04/2020) um 09:00 Auer huet de CISLAC ugefaangen d'Maske vir all Haushalt ze verpaken. Ab 10:00 Auer sinn déi éischt Equipe vu jeeweils 2 Mann ënnerwee vir d'Masken an de verschiddenen Dierfer vun der Stauséigemeng ze verdeelen. Bis haut den Owend huet also all Haushalt säi Set Masken ausgedeelt kritt. D'Hygiènesmesuren an d'Gestes Barrières sinn essentiell a gi strikt agehalen!

17 Membere vum CISLAC a vum Gemengepersonal sinn un dëser Aktioun bedeelegt!

 

Alleguer d'Informatioune betreffend de COVID-19 fannt Dir op folgendem Internetsite: coronavirus.gouvernement.lu

 

 

 

Diplomiwwerreechung 1. Hëllef Cour

  • Veröffentlicht: Dienstag, 03. March 2020 10:06
  • Zugriffe: 2743

De 11. Februar 2020 sinn zu Harel am Pompjeesbau d'Diplomer vum 1. Hëllef Cour Iwwerrescht ginn. De Cour hat well am November 2019 ugefaangen an huet sech iwwert 16 Stonnen erstreckt. E grousse Luef un d'Kandidaten déi sech op dësem Wee vir hier Matmënschen asetzen!

En 1. Hëllef Cour kann an Noutsituatioune Liewe retten! Wann dir Eech och vir esou e Cour interesséiert oder weider Informatiounen dozou wëllt hunn da kuckt um Internetsite vum CGDIS: Link

 

 

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben

       

Wir nutzen Cookies auf unserer Website. Einige von ihnen sind essenziell für den Betrieb der Seite, während andere uns helfen, diese Website und die Nutzererfahrung zu verbessern (Tracking Cookies). Sie können selbst entscheiden, ob Sie die Cookies zulassen möchten. Bitte beachten Sie, dass bei einer Ablehnung womöglich nicht mehr alle Funktionalitäten der Seite zur Verfügung stehen.