Freitag, 29 March 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Präismaskebal 2020

  • Veröffentlicht: Donnerstag, 27. February 2020 20:00
  • Zugriffe: 1433

Gewënner Virverkaf Präismaskebal Amicale Pompjeeën Harel:

1. Präis, 100€: Nr. 761
2. Präis, 75€: Nr. 114
3. Präis, 50€: Nr. 378

Gewënner sollen sech um Telefon 621 311 857 mellen.

Stuerm CIARA / SABINE

  • Veröffentlicht: Montag, 10. February 2020 19:50
  • Zugriffe: 2853

Wéi ugekënnegt huet de Stuerm Ciara / Sabine am laf vum Nomëtteg vum 09. Februar och Lëtzebuerg getraff. Meteolux hat an dësem Kader souguer eng "Alerte Rouge" vir d'ganz Land eraus ginn.

De Bilan no 24 Stonnen: 17 Asätz si gefuer ginn, an der Haaptsaach wéinst emgefalene Beem an doduerch blockéierte Stroossen, awer och wéinst Ofspärunge vu Chantieren déi duerch de staarke Wand an d'Strooss gefall waren.

Ab ongeféier 21:30 Auer e Sonnden bis 11:00 Auer e Méinden de Moie war dann och déi lokal Zentral am Pompjeesbau, de sougenannten "Poste Fixe" besat, vu wou aus d'Asätz an der Gemeng koordinéiert gi sinn.

Déi genau Oplëschtung & Dokumentatioun vun den eenzelnen Asätz kënn Dir hei noliesen.

Liest hei den Artikel vun RTL betreffend de Stuerm.

 

 

Réckbléck op d'Porte Ouverte

  • Veröffentlicht: Freitag, 27. September 2019 13:27
  • Zugriffe: 2233

Den 22. September 2019 huet de CISLAC seng 1. Porte Ouverte organiséiert. Ziel war et de Leit en Abléck an d’Rettungswiesen ze ginn. De ganzen Dag iwwer konnt Jiddereen sech e Bild vum Rettungsdéngscht aus der Stauséigemeng maachen an e bëssen hannert d’Kulisse kucken. D’Memberen aus dem Zenter stoungen de Leit Ried an Äntwert an hunn Erklärungen zum ausgestallte Material ginn.

Des Weidere goufen et Presentatiounen zum richtegen Ëmgang mam Defibrillator an et konnt ee séin Wëssen a Punkto Reanimatioun opfrëschen. Hei sinn et dann och Informatiounen zum First Responder Service vum CISLAC ginn.

Spektakulär waren d ‘Demonstratiounen zum korrekten Ëmgang mam Feierläscher. Wat geschitt wann een e Fettbrand mat Waasser läscht? Wéi verhält sech eng Spraydous wann et ronderëm brennt? Wéi kréien ech de Brand mam Feierläscher ënner Kontroll bruecht? Alles dat konnt een sech live op der Platz ukucken. Zousätzlech zu den Erklärungen a Virféierunge konnt och Jidderee selwer den Ëmgang mam Feierläscher üben.

D’Pompjeeë sinn awer net nëmme vir déi Erwuessen. Ab 8 Joer kann ee bei de Jugendpompjeeë matmaachen. Eng flott Fräizäitbeschäftegung bei där een, zesumme mat senge Kollegen, eppes vir d’Liewe léiert. An engem klengen Atelier konnten d’Kanner sech heivunner e Bild maachen.

Dir oder är Kanner sinn interesséiert am Rettungsdéngscht mat ze maachen, der grousser Famill vum CGDIS bei ze trieden, an sou äre Matmënschen e wäertvollen Déngscht ze bidden? Dann zéckt net a mellt Eech bei eis. Gäre gi mir Eech weider Explikatiounen.

PP

 

E puer Andréck vun der Porte Ouverte:

 

Übung - Daachstullbrand

  • Veröffentlicht: Samstag, 25. May 2019 15:55
  • Zugriffe: 2154

E Freideg Owend, de 25. Mee, ass zu Béiwen eng grouss ugeluechten Übung ofgehale ginn. An engem Méifamilljenhaus ass en Daachstullbrand simuléiert ginn. Beim Antreffe vun den 1. Rettungsequipen op der Platz sinn se vum Meedchen aus dem Haus gewuer ginn, dass de Papp um Späicher eng Gasfläsch wollt uschléissen. Et hätt dunn hefteg geknuppt an elo wär am Haus alles voller Damp. D'Mam an de Papp wäre säit deem Moment net méi ze fannen.

Direkt hunn sech e puer Otmeschutztruppen equipéiert vir an d'Haus eran ze goen. Um Wee vir op de Späicher konnt d'Fra aus dem Haus bewosstlos opfonnt ginn. Si gouf iwwert d'Trapenhaus evakuéiert a bausse vun de Rettungsdéngschter weider versuergt.

Um Späicher konnt e Brand lokaliséiert a geläscht ginn. Gläichzäiteg hunn baussen 2 Equipe, eng virum Haus, an eng hannendrun, dofir gesuergt, dass d'Feier net op en ugebauten Haus konnt iwwergräifen.

Schlussendlech ass de Mann aus dem Haus iwwert d'Dréileeder aus dem 2. Stack eraus evakuéiert ginn.

Un der Übung huet nieft dem CISLAC och de CIS Wolz deel geholl.

 

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben

       

Wir nutzen Cookies auf unserer Website. Einige von ihnen sind essenziell für den Betrieb der Seite, während andere uns helfen, diese Website und die Nutzererfahrung zu verbessern (Tracking Cookies). Sie können selbst entscheiden, ob Sie die Cookies zulassen möchten. Bitte beachten Sie, dass bei einer Ablehnung womöglich nicht mehr alle Funktionalitäten der Seite zur Verfügung stehen.