Samstag, 20 April 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Tour du Duerf 23.09.2018

  • Veröffentlicht: Donnerstag, 13. September 2018 19:54
  • Zugriffe: 2384

Och dëst Joer gëtt den Tour du Duerf an der Stauséigemeng gefuer. D'Pompjeeën suergen vir Eessen an Drénken op der Arrivée an um Start zu Béiwen um Parking beim Stau. Weider Informatiounen fannt Dir um Flyer:

flyer dag vun der doucer mobiliteit 2018 09 23 WEB Seite 1

flyer dag vun der doucer mobiliteit 2018 09 23 WEB Seite 2

Réckbléck op d'Asätz vun de leschten Deeg

  • Veröffentlicht: Mittwoch, 29. August 2018 20:38
  • Zugriffe: 2810

22.08.2018 - Kuerz no 18:00 Auer ass de CISLAC wéinst engem Bëschbrand alertéiert ginn. De Brand louch tëschent Kauneref an Esch-Sauer a war nëmme schwéier iwwert Bëschweeër ze erreechen. Den TLFA2.1 (Mercedes Unimog) vum CISLAC eegent sech besonnesch gutt vir sou Asätz of ze schaffen.

Asaatz-Stéchwuert:

B1
Asaatz-Platz: Kauneref - Esch-Sauer
Mannschaftsstäerkt: 17
Asaatz-Mëttel: picto tlfa21 picto lf11 picto gw11  picto kdow1
Ënnerstëtzung:

 Pompjeeën Esch-Sauer / Police

 20180822002


 

23.08.2018 - Brand an engem Hiwwel laascht de CR309 zu Tarchamps kuerz virun 18:00 Auer. D'Feier konnt séier vun de Pompjeeën ënner Kontroll bruecht ginn. Eng Equipe vum CISLAC huet sech em d'Noläschaarbechte bekëmmert an esou en neit entfache vum Feier verhënnert.

Asaatz-Stéchwuert:

B1
Asaatz-Platz: CR309 Tarchamps
Mannschaftsstäerkt: 6
Asaatz-Mëttel: picto lf11  picto kdow1
Ënnerstëtzung:

 ///

 20180823001


 

24.08.2018 - Géint 12:20 Auer ass et zu engem Zesummestouss vun engem Motorrad an engem Auto komm, dëst op der Kräizung N26/CR318, Schumann's Eck a Richtung Rulljen. De Motorradsfuerer ass liicht verletzt ginn, d'Strooss huet nom Accident, wéinst ausgelafene Betriebsstoffer, misse gebotzt ginn.

Asaatz-Stéchwuert:

VU1
Asaatz-Platz: Kräizung N26/CR318
Mannschaftsstäerkt: 6
Asaatz-Mëttel: picto lf11  picto gw11
Ënnerstëtzung:

 Police

 20180824001


 

26.08.2018 - Op der Streck tëscht Kauneref an Esch-Sauer si kuerz no 14:00 Auer 2 Autoen anenee gerannt woubäi et zu gréisserem Materialschued komm ass. De First Responder vum CISLAC war mat op der Plaatz.

Asaatz-Stéchwuert:

VU2A2
Asaatz-Platz: Kauneref - Esch-Sauer

 Mannschaftsstäerkt:

9
Asaatz-Mëttel: picto tlfa21 picto lf11  picto kdow1
Ënnerstëtzung:

 CISLAC First Responder / 2 Amb. Wolz & Rammerich / Sauvetage Wolz / Police

 

20180826001

20180826007

20180826009

Accident um Schumann's Eck

  • Veröffentlicht: Mittwoch, 05. September 2018 10:56
  • Zugriffe: 4711

Géint 18:15 Auer ass et um Méinden den Owend (04.09.2018) zu engem Verkéiersaccident op der N26 um Schumann's Eck komm. 2 Autoe sinn op der Kräizung zesumme gestouss. Wéinst ausgelaafenem Ueleg huet d'Strooss nom Accident misse komplett gebotzt ginn.

 

Asaatz-Stéchwuert:

VU2#A1
Asaatz-Platz: N26 - Schumann's Eck
Mannschaftsstäerkt: 13
Asaatz-Mëttel: picto tlfa21 picto lf11 picto kdow1
Ënnerstëtzung:

 Police / P&Ch

 

CISLAC 20180904 001

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben