Donnerstag, 28 March 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

Aweiung vum Depollutiounsanhänger

Den 29. Juni 2018 ass op der Fléiber (Bauschelt) den neien Depollutiounsunhänger ageweit ginn. Dësen Unhänger ass Deel vun enger Kooperatioun tëscht de Gemenge Bauschelt a Stauséigemeng souwéi dem CISBOU an dem CISLAC.

No der Begréissung vum Buergermeeschter vun der Gemeng Bauschelt, dem René Daubenfeld, war et de Chef de Corps vum CISBOU, de Pascal Nijenhuis deen déi 2 Corpse virgestallt huet a besonnesch op déi gutt Zesummenaarbecht agaangen ass. Weider huet hien erklärt, dat déi 2 Corpsen, nieft den normale Pompjeesasätz, och nach de Sauvetage Communal an de First Responder Service garantéieren. Och bei de Jugendpompjeeë gëtt enk zesumme geschaaft a sou ass am Joer 2013 d'Entente Jugendpompjeeën Uewersauer gegrënnt ginn.

Dono huet de Chef de Corps vum CISLAC, den Thierry Schon, a senger Ried op d'Entstehung vum Projet zréck gekuckt. Eng ganz Rei Accidenter a virun allem en Asaatz am Februar 2013 waren d'Ursaach firwat sech mam Inspekter zesumme gesat ginn ass an no Léisunge gesicht gouf. Mat der Reform vun de Rettungsdéngschter kruten d'Pompjeeën zu deem Zäitpunkt d'Méiglechkeet sech an engem bestëmmte Beräich ze spezialiséieren. Wann een d'Lag vun den 2 Gemengen direkt um Stauséi a Betruecht zitt, louch et deemno op der Hand sech am Beräich vum (Drénk)Waasser- an Naturschutz ze engagéieren.

Nom Accord vun den 2 Gemengen, de Projet mat ze droen an awer och de finanziellen Deel ze iwwerhuelen, gouf den Unhänger ugeschaaft an an Eegeregie ausgebaut. Et gouf eng Equipe innerhalb vun den 2 Zentren opgestallt, vir de Moment bestoend aus 26 Leit, déi am Beräich vun der Depollutioun forméiert gouf. Weider gouf en Interventiounsplang opgestallt deen e séiert an effizient Agreifen am Fall vun enger Verschmotzung erméiglecht.

De Minister Romain Schneider, als Vertriedung vum Inneminister Dan Kersch, den Tom Barnig, Directeur des Opérations bei der ASS an de Regionalinspekter, Charel Zanter hunn weider d'Wuert ergraff ier d'Band duerchgeschnidde gouf. No der Aweiung hunn d'Gemengen op den Éierewäin invitéiert.

 

Fotoe vun der Aweiung vum Raymond Brausch:

 36383564 1877599855594251 8371429449370959872 o

36347100 1877599915594245 6956485136930045952 o

36368567 1877603525593884 5636524052009975808 o

36500702 1877595205594716 5538713649381638144 n

36334510 1877602142260689 4576414870819307520 n

36314156 1877598745594362 6777710971524743168 n

36373798 1877605898926980 1637024843545182208 o

36350570 1877605622260341 6606537558203564032 o

36305866 1877602352260668 4083440981305720832 n

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben

       

Wir nutzen Cookies auf unserer Website. Einige von ihnen sind essenziell für den Betrieb der Seite, während andere uns helfen, diese Website und die Nutzererfahrung zu verbessern (Tracking Cookies). Sie können selbst entscheiden, ob Sie die Cookies zulassen möchten. Bitte beachten Sie, dass bei einer Ablehnung womöglich nicht mehr alle Funktionalitäten der Seite zur Verfügung stehen.