Dienstag, 23 April 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

Réckbléck op d'Asätz vun de leschten Deeg

22.08.2018 - Kuerz no 18:00 Auer ass de CISLAC wéinst engem Bëschbrand alertéiert ginn. De Brand louch tëschent Kauneref an Esch-Sauer a war nëmme schwéier iwwert Bëschweeër ze erreechen. Den TLFA2.1 (Mercedes Unimog) vum CISLAC eegent sech besonnesch gutt vir sou Asätz of ze schaffen.

Asaatz-Stéchwuert:

B1
Asaatz-Platz: Kauneref - Esch-Sauer
Mannschaftsstäerkt: 17
Asaatz-Mëttel: picto tlfa21 picto lf11 picto gw11  picto kdow1
Ënnerstëtzung:

 Pompjeeën Esch-Sauer / Police

 20180822002


 

23.08.2018 - Brand an engem Hiwwel laascht de CR309 zu Tarchamps kuerz virun 18:00 Auer. D'Feier konnt séier vun de Pompjeeën ënner Kontroll bruecht ginn. Eng Equipe vum CISLAC huet sech em d'Noläschaarbechte bekëmmert an esou en neit entfache vum Feier verhënnert.

Asaatz-Stéchwuert:

B1
Asaatz-Platz: CR309 Tarchamps
Mannschaftsstäerkt: 6
Asaatz-Mëttel: picto lf11  picto kdow1
Ënnerstëtzung:

 ///

 20180823001


 

24.08.2018 - Géint 12:20 Auer ass et zu engem Zesummestouss vun engem Motorrad an engem Auto komm, dëst op der Kräizung N26/CR318, Schumann's Eck a Richtung Rulljen. De Motorradsfuerer ass liicht verletzt ginn, d'Strooss huet nom Accident, wéinst ausgelafene Betriebsstoffer, misse gebotzt ginn.

Asaatz-Stéchwuert:

VU1
Asaatz-Platz: Kräizung N26/CR318
Mannschaftsstäerkt: 6
Asaatz-Mëttel: picto lf11  picto gw11
Ënnerstëtzung:

 Police

 20180824001


 

26.08.2018 - Op der Streck tëscht Kauneref an Esch-Sauer si kuerz no 14:00 Auer 2 Autoen anenee gerannt woubäi et zu gréisserem Materialschued komm ass. De First Responder vum CISLAC war mat op der Plaatz.

Asaatz-Stéchwuert:

VU2A2
Asaatz-Platz: Kauneref - Esch-Sauer

 Mannschaftsstäerkt:

9
Asaatz-Mëttel: picto tlfa21 picto lf11  picto kdow1
Ënnerstëtzung:

 CISLAC First Responder / 2 Amb. Wolz & Rammerich / Sauvetage Wolz / Police

 

20180826001

20180826007

20180826009

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben