Donnerstag, 25 April 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

Vegetatiounsbrandbekämpfung – Üben vir den Eeschtfall

E Samsdeg, den 13. Mee 2023, ass sech am Kader vum Maintien des Acquis, beim CISLAC mam Thema “Vegetatiounsbrandbekämpfung” ausernee gesat ginn. Eng Equipe vun 20 Leit huet heibäi vun 14:00 bis 19:00 Auer vir deen Eechtfall trainéiert.

Wann de Summer virun der Dier steet an d’Deeg méi laang a méi waarm ginn dann klëmmt domat leider och de Risiko vun de Vegetatiounsbränn, deemno de Bränn vu Bëscher a Felder. Déi leschte Joren hunn eis ëmmer erëm gewisen, dat och Lëtzebuerg net vun esou Bränn verschount bleift.

Dës Zort vu Bränn huet hier ganz eegen Dynamik a verlaangt dem Pompjee an dem Material villes of. D’Topographie vun eiser Regioun mécht dat ganzt dann oft nach e bësse méi komplizéiert an ustrengend.

Dofir ass et wichteg, dat de Pompjee d’Geforen genau kennt awer och weess wéi en sech virdrun schützt an géint d’Feier virgeet. Vun der virgeschriwwener Schutzkleedung iwwert déi verschidden Brandbekämpfungstaktiken iwwert d’Waasserversuergung bis hin zum Material huet d’Equipe vum CISLAC hiert Wëssen gëschter a verschiddenen Atelieren, souwuel an der Theorie wéi och an der Praxis, opgefrëscht.

Wann et em d’Vegetatiounsbränn geet dann ass jiddereen gefuerdert an zwar vir opzepassen, dat et guer net eréischt zum Brand kënnt. Wann et dann awer enker schif geet, dann ass de CISLAC prett vir séier a kompetent kënnen ze hëllefen!

 

 

 

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben