Samstag, 20 April 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

Iwwerschwemmung

De CISLAC ass haut géint 16:00 Auer op Noutem an d'Duerfstrooss geruff ginn, well et hei zu enger Iwwerschwemmung komm war. Bedéngt duerch de ville Reen hunn sech op engem ugrenzende Feld grouss Waassermassen ugesammelt déi dunn a Richtung vun den Haiser ofgefloss sinn. Heibäi gouf vill Buedem a Steng mat ofgeschwemmt.

Nodeems de Reen nogelooss hat konnt mat den Opraumaarbechten ugefaange ginn. Zesumme mam Service Technique vun der Stauséigemeng an den Awunner vun Noutem gouf de Bulli op d'Säit gefouert an d'Strooss gebotzt.

Wéinst deene grousse Waassermassen ass et och op engem Bauerenhaff zur Iwwerschwemmung komm. Och hei hutt de CISLAC gehollef d'Kanäl frei ze maachen an sou dofir ze suergen, dat d'Waasser konnt offléissen. (PP)

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben