Freitag, 29 March 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

Andréck vun eisem Grillfest

Leschte Sonndeg ass zu Harel den Tour du Duerf gefuer ginn. Zu dësem Ulass hat de CISLAC op e Grillfest invitéiert an dobäi vun der Geleeënheet profitéiert sech an d'Rettungswiesen an der Gemeng vir ze stellen.

D'Leit konnten de ganzen Dag iwwer de moderne Fuerpark vun de Pompjeeë besichtegen. Während dem Nomëtteg konnten d'Gäscht sech bei verschiddenen Atelieren an Demonstratiounen en Abléck an d'Rettungswiese verschafen an och selwer Hand uleeën a sou zum Beispill de richtegen Ëmgang mam Feierläscher oder der Feierläschdecke léieren. Och d'Reanimatioun, mat Hëllef vun engem Defibrillator, konnt geübt ginn. D'Membere vum CISLAC hunn jeeweils déi néideg Erklärungen zu den Ateliere ginn.

Vir déi méi jonk Gäscht goufe Spiller an Atelieren ugebueden.

Fir Eessen a Drénke war beschtens gesuergt. Duerch d'Musek vun EVT Event-Technik ASBL an deem gudde Wieder ass eng angenehm Atmosphäre entstanen.

Mer soen eise Gäscht a Visiteure villmools Merci vir de flotten Nomëtteg an eventuell bis nächst Joer!
(PW)

 

2017092402

2017092401

2017092403

2017092405

2017092404

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben

       

Wir nutzen Cookies auf unserer Website. Einige von ihnen sind essenziell für den Betrieb der Seite, während andere uns helfen, diese Website und die Nutzererfahrung zu verbessern (Tracking Cookies). Sie können selbst entscheiden, ob Sie die Cookies zulassen möchten. Bitte beachten Sie, dass bei einer Ablehnung womöglich nicht mehr alle Funktionalitäten der Seite zur Verfügung stehen.