Samstag, 20 April 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Ueleg verluer

  • Veröffentlicht: Dienstag, 10. October 2017 11:12
  • Zugriffe: 2334

Den 10. Oktober, kuerz no Hallefnuecht, ass de CISLAC wéinst enger Ueleg-Spuer op Kauneref geruff ginn. Duerch en techneschen Defekt un enger landwirtschaftlecher Maschinn war et zu enger Verschmotzung vun der Strooss op enger Längt vu méi wéi 200 Meter komm.

 

 Asaatz-Stéchwuert:  G1 (Gefahrgutunfall 1)
 Asaatz-Platz:  Kauneref, CR316
 Mannschaftsstäerkt:  9
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11 picto gw11
 Ënnerstëtzung:  /

 

 

2017101001

2017101002

Andréck vun eisem Grillfest

  • Veröffentlicht: Dienstag, 26. September 2017 17:57
  • Zugriffe: 2657

Leschte Sonndeg ass zu Harel den Tour du Duerf gefuer ginn. Zu dësem Ulass hat de CISLAC op e Grillfest invitéiert an dobäi vun der Geleeënheet profitéiert sech an d'Rettungswiesen an der Gemeng vir ze stellen.

D'Leit konnten de ganzen Dag iwwer de moderne Fuerpark vun de Pompjeeë besichtegen. Während dem Nomëtteg konnten d'Gäscht sech bei verschiddenen Atelieren an Demonstratiounen en Abléck an d'Rettungswiese verschafen an och selwer Hand uleeën a sou zum Beispill de richtegen Ëmgang mam Feierläscher oder der Feierläschdecke léieren. Och d'Reanimatioun, mat Hëllef vun engem Defibrillator, konnt geübt ginn. D'Membere vum CISLAC hunn jeeweils déi néideg Erklärungen zu den Ateliere ginn.

Vir déi méi jonk Gäscht goufe Spiller an Atelieren ugebueden.

Fir Eessen a Drénke war beschtens gesuergt. Duerch d'Musek vun EVT Event-Technik ASBL an deem gudde Wieder ass eng angenehm Atmosphäre entstanen.

Mer soen eise Gäscht a Visiteure villmools Merci vir de flotten Nomëtteg an eventuell bis nächst Joer!
(PW)

 

2017092402

2017092401

2017092403

2017092405

2017092404

Kichebrand

  • Veröffentlicht: Mittwoch, 23. August 2017 22:00
  • Zugriffe: 1749

Den 23. August 2017, kuerz no 20:00 Auer, ass de CISLAC als Ënnerstëtzung op Wolz an d'Rue de la Chapelle geruff ginn. An enger Kiche war et hei zu engem Brand komm. Wéinst dem séieren Agräife konnt de Brand a senger Entstehungsphase geläscht an domat Schlëmmeres verhënnert ginn.

 

 

 Asaatz-Stéchwuert:  B2
 Asaatz-Platz:  Wolz, rue de la Chapelle
 Mannschaftsstäerkt:  13
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11 picto gw11 picto mtw1
 Ënnerstëtzung:  Pompjeeën Wolz / Ambulanz / Police

 

 2017081803

2017081804

2017081802

Grillfest um Tour du Duerf 2017

  • Veröffentlicht: Dienstag, 12. September 2017 09:47
  • Zugriffe: 5131

De 24. September 2017 gëtt an der Stauséigemeng, zu Harel, den Tour du Duerf gefuer. (Info: www.tourduduerf.lu)

Zu dësem Ulass invitéiert Eech de CISLAC op säin Grillfest. Detailer fann der um Flyer hei ënnen drënner:

 

Flyer A4 online

Déidleche Verkéiersaccident op der N26

  • Veröffentlicht: Samstag, 19. August 2017 09:57
  • Zugriffe: 2663

E Freiden den 18. August 2017 koum et géint hallwer 6 zu engem schwéieren Autosaccident op der N26, tëschent dem Schumann's Eck a Béiwen. En Automobilist ass mat sengem Gefier vun der Strooss oofkomm an ass an e Bam gerannt. Den Auto huet sech doropshin iwwerschloen an ass an engem Feld ënnerhalb der Strooss leie bliwwe wou en Feier gefaangen huet. Vir de Chauffeur sollt all Hëllef ze spéit kommen.
D'Strooss hat missen vir d'Zäit vun den Rettungs- an Opraumaarbechte gespaart ginn.

 

 Asaatz-Stéchwuert:  VU3
 Asaatz-Platz:  N26, zwësche Schumann's Eck a Béiwen
 Mannschaftsstäerkt:  10
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11 picto gw11
 Ënnerstëtzung:  Pompjeeën Gemeng Bauschelt / Ambulanz / SAMU / Sauvetage Wolz / Inspekter / Police / P&Ch

 

2017081801

2017081802

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben