Freitag, 26 April 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Brand an Drécks-Container

  • Veröffentlicht: Sonntag, 11. June 2017 22:09
  • Zugriffe: 2281

E Sonndeg, den 11. Juni 2017, stoung am spéiden Nomëtteg en Drécks-Container bei der Plage zu Léifreg a Brand. Ausléiser ware wuel Grillkuelen déi am Container entsuergt goufen ier se ganz ofgekillt waren. Beim Brand ass keen verletzt ginn, de Materialschued hält sech, wéinst dem séieren Agräifen vum CISLAC, a Grenzen.

 

 Asaatz-Stéchwuert:  B1
 Asaatz-Platz:  LIEFRANGE, Plage, Yacht-Club
 Mannschaftsstäerkt:  11
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11 picto gw11 picto mtw1
 Ënnerstëtzung:  Police Grand-Ducale

 

 2017061101

2017061102

Auto iwwerschléit sech

  • Veröffentlicht: Samstag, 10. June 2017 18:38
  • Zugriffe: 2338

E Samschden, den 09. Juni 2017 huet sech géint 15:30 Auer en Auto iwwerschloe wéi en op der N12, tëschent Bitscht a Wolz, an de Summerwee geroden ass.
D'Equipe vum CISLAC huet d'Accident's-Platz oofgeséchert a gebotzt.

 

 Asaatz-Stéchwuert:  VU2
 Asaatz-Platz:  N12, BÜDERSCHEID - WILTZ
 Mannschaftsstäerkt:  7
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11 picto gw11
 Ënnerstëtzung:

 Police Grand-Ducale
 Ambulanz

 

 

Motorradsaccident Schumann - Béiwen

  • Veröffentlicht: Sonntag, 21. May 2017 18:48
  • Zugriffe: 3006

Géint 16:15 Auer ass et op der N26, der Streck tëschent dem Schumann's-Eck a Béiwen, zu engem Motorradsaccident komm. De Chauffeur ass heibäi blesséiert ginn an koum mam Rettungshelikopter an d'Klinik.

Op der Platz: TLFA21 / LF11 / KDOW1 / RW21 Woltz / Ambulanz Woltz / Police

 

Velo géint Auto

  • Veröffentlicht: Samstag, 27. May 2017 17:31
  • Zugriffe: 1535

De 27.05.2017, um Samschdeg Moien, war et e gemeinsamen Asaatz vir d'Pompjeeën an d'First Responder vum CISLAC. Op der N26, vu Béiwen op de Schumann's-Eck erop war et zu engem Zesummestouss tëschent engem Vëlo an engem Auto komm. De Vëlosfuerer ass beim Accident verletzt ginn a koum mat der Ambulanz an d'Klinik.

Op der Platz: TLFA21 / LF11 / Ambulanz Wolz / Police

 

Brand an engem Garage

  • Veröffentlicht: Donnerstag, 11. May 2017 09:09
  • Zugriffe: 1926

E Mëttwoch, den 10. Mee, ass zu Kauneref an engem Garage e Brand entstanen. E puer weider Géigestänn sinn doduerch mat a Brand geroden. Eng Gasfläsch konnt mat Zäiten aus dem Geforeberäich eraus geholl ginn. Duerch dat séiert Agräife vum CISLAC konnt Schlëmmeres verhënnert ginn.

Op der Platz: TLFA21 / LF11 / MTW1 / 12 Pompjeeën / Police / Ambulanz

 

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben