Freitag, 29 March 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Waasserleitung geplatzt

  • Veröffentlicht: Sonntag, 29. January 2017 14:08
  • Zugriffe: 1905

Kuerz virun 12:00 Auer ass de CISLAC op KAUNDORF geruff ginn well hei op engem Chantier eng Waasserleitung geplatzt war. Den Haaptschieber gouf zougedréint an domat d'Fuite gestoppt.

Op der Platz: TLFA21 / LF11 / GW11 / 10 Pompjeeën

 

 

N26 - Beem op der Strooss

  • Veröffentlicht: Samstag, 14. January 2017 06:39
  • Zugriffe: 2327

An der Nuecht vum 13. op de 14. Januar, kuerz virun 3 Auer, ass de CISLAC ausgeréckt vir op der N26, tëschent Béiwen an Léifreg, e puer Beem aus der Strooss ze raumen.

Op der Platz: TLFA21 / LF11 / 8 Pompjeeën

 

 

 

B2 - Scheierbrand zu Rulljen

  • Veröffentlicht: Mittwoch, 30. November 2016 09:42
  • Zugriffe: 2051

De 29. November 2016 koum et an de fréien Owesstonnen zu engem Groussbrand op engem landwirtschaftleche Betrieb zu Rulljen (ROULLINGEN). D'Pompjeeë vum CISLAC hunn zesumme mat de Kollege vu Wolz (WILTZ) an Eeschweller (ESCHWEILER) de Brand bekämpft. Et konnt sou verhënnert ginn, dass d'Feier sech op de Stall ausgebreet hott.

Well op der Platz nik genuch Waasser vir d'Läschaarbechten zur Verfügung stoung, sinn 2 Gefierer vum CISLAC (LF11 / TLFA21) am Pendelverkéier gefuer an hunn zousätzlecht Läschwaasser vum Schumann op d'Asaatzplatz bruecht.

Vum CISLAC op der Plaatz: TLFA21 / LF11 / GW11 / MTW1 / KDOW1 & 15 Pompjeeën

 

Hei de Link op den Artikel vun RTL: http://www.rtl.lu/letzebuerg/981463.html

 

Bam dreet an d'Strooss ze falen

  • Veröffentlicht: Freitag, 11. November 2016 10:56
  • Zugriffe: 1955

E Mëttwoch den Owend hott missen e Bam ewech geschnidde ginn den iwwert der Strooss, tëschent Béiwen an Harel, houng a gedreet hott erof ze falen. Dësen Asaatz konnt séier ofgeschloss ginn an de Verkéier soumat erëm frei a sécher rullen.

Op der Platz: TLFA21 / LF11 / GW11 / MTW1 vum CISLAC

 

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben

       

Wir nutzen Cookies auf unserer Website. Einige von ihnen sind essenziell für den Betrieb der Seite, während andere uns helfen, diese Website und die Nutzererfahrung zu verbessern (Tracking Cookies). Sie können selbst entscheiden, ob Sie die Cookies zulassen möchten. Bitte beachten Sie, dass bei einer Ablehnung womöglich nicht mehr alle Funktionalitäten der Seite zur Verfügung stehen.