Dienstag, 16 April 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

Jugend

Am Joer 2013 goufen d'Jugendsektioune vum CIS Bauschelt an dem CISLAC an der Entente Jugendpompjeeën Uewersauer zesumme gefaasst. Ab 2018 ass d'Jugendsektioun vum CIS Wolz och mat dobei.

 

Logo Entente Jugendpompjeeën Uewersauer

 

Jugendpompjee ze si bedeit vir de Jugendlechen, dat en kann zesumme mat senge Kollegen seng Fräizäit verbréngen, dëst op eng spilleresch Aart a Weis, an dobäi och nach wichteges vir d'Liewe léieren. Bei eis gëtt vill Wäert op den Zesummenhalt an der Grupp, Respekt an Team-Aarbecht geluecht.

 

Jugendpompjeeën mat Lanz

 

Niewent dem Kenneléiere vum Pompjeeswiesen an allem wat domat a Verbindung steet, maache mer awer och Sport, sief et Schwammen, Pompjeesconcour, Cross oder sos eppes. Des Weideren huele mer regelméisseg un Evenementer wéi Rallyen oder ähnlechem deel.

 

Jugendpompjeeën Concour National CTIF

 

Weider Informatioune iwwert d'Jugendpompjeeën zu Lëtzebuerg fënns du um Internetsite www.jugendpompjeeen.lu an um Site vum CGDIS.

Wann's du eng Fro zu den Jugendpompjeeën hos oder bei eis wëlls matmaachen (du muss tëscht 6 a 16 Joer hun), da mell dech, andeems de einfach dëse Formular ausfëlls.

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben