Mittwoch, 07 October 2026
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Reglement: Pompjee-Stiwwel Wäitworf

  • Veröffentlicht: Dienstag, 26. May 2026 17:46
  • Zugriffe: 332

Ween ka mat maachen?

Jiddereen! Egal op Pompjee oder NET-Pompjee, egal op grouss, kleng, al oder jonk, jidderee kann an der (nach)net-olympescher Disziplin untrieden an sech dora moossen, ween de Pompjees-Stiwwel am wäitste geworf kritt!

 

Wéi funktionéiert d‘ Klassement?

Et gëtt 4 ënnerschiddlech Klassementer:

 

Hären

Dammen

Kanner

Ekippen

Ab 14 bis +99 Joer

Ab 14 bis +99 Joer

Jongen a Meedercher bis 13 Joer (inclus)

 

2 bis maximal 6 Persounen

 

Iwwert de ganzen Dag gëtt déi geworfen Distanz gemooss an dokumentéiert. Um Enn vum Dag gewënnt deenejéinegen an der Hären-, Dammen- a Kanner-Kategorie den de Stiwwel am wäitste geworf huet. (Distanz vun engem eenzelnen Worf, net d’Zomm vun de Meteren). Am Ekippen-Klassement ginn allerdéngs déi geworfen Metere vun de Spiller aus enger Ekipp addéiert, an déi Ekipp gewënnt, déi am meeschte Metere gesammelt huet.

Eng Persoun ka souwuel an enger individueller Kategorie, wéi och zousätzlech mat enger Ekipp untrieden. Allerdéngs muss virun all Worf bestëmmt ginn a wéi engem Klassement een bäi dem follgende Schoss untrëtt. D’Metere gëllen dann och just fir déi genannte Kategorie an net automatesch fir déi Zwou.

Ab 16:00 gëtt et eng Präisiwwerreechung un de Beschten aus all Kategorie.

 

Umeldung:

All Kandidat muss sech viru sengem éischten Wäitworf umellen. Bei der Registratioun gëtt een enger Klass zougedeelt an et kritt eng Start-Nummer. De Startpräis léit bei 5€ pro Persoun an et huet een domadde seng éischt 5 Schëss fräi. D’Umeldung gëtt an der Bongenkees gemaach.

  

Wéi vill Versich huet een?

Pro weiderem Lous vun 1€ huet een ee Stiwwelworf fräi. Iwwert den Dag verdeelt, kann een sech esou vill Louse kafen an sou oft probéiere wéi ee wëll. Et däerf ee maximal 2 mol hannertenee werfen. Dono muss een sech erëm hannen an der Rei astellen.

 

Wéi ee Stiwwel kann ee werfen?

De Pompjee-Stiwwel gëtt engem zur Verfügung gestallt an et däerf een net mat senger eegener Bottinn geheien!

 

Wéi gëtt d’Distanz gemooss?

Gemooss gëtt vun der Worflinn aus bis op de Punkt wou de Stiwwel leien bleift. Hei béi zielt den noosten Deel vum Stiwwel zur Worflinn. De Worf ass net gülteg, wann d’Worflinn iwwerschratt gëtt, de Stiwwel aus der Bunn geworf gëtt oder déi falsch Schonggréisst geheit gouf. An dësem Fall gëtt déi geworfen Distanz net berücksichtegt. Gemooss ginn a Meter+Zentimeter.

Pompjee-Stiwwel Wäitworf

  • Veröffentlicht: Mittwoch, 15. April 2026 19:17
  • Zugriffe: 211

 

  • Sonndes, de 07, Juni 2026
  • Ab 11:00
  • Op der Duerfwiss zu Béiwen (Doerfstrooss, L-9635 Bavigne)

 

Ween kritt de Pompjee-Stiwwel am wäitsten geworf?

Egal op Pompjee oder NET-Pompjee, egal op Grouss, Kleng, Aal oder Jonk, jidderee kann an der (nach)net-olympescher Disziplin untrieden an sech dora moossen, ween de Pompjees-Stiwwel am wäitsten geworf kritt!

D’Umeldung ass den Dag selwer sur Place méiglech an d’Turnéier gëtt mat enger Präisiwwerreechung an den ënnerschiddleche Klassementer ofgeschloss.

Niewent dem Wäitworfturnéier gëtt et de ganzen Dag iwwer, och fir d’Spectateuren déi net mat maachen, Iessen a Gedrénks. Fir d’Kanner steet ee Sprangschlass prett.

 

Bis geschwënn!

Amicale Pompjeeën Stauséigemeng

Porte ouverte vum CISLAC mat Grillfest

  • Veröffentlicht: Sonntag, 30. March 2025 17:49
  • Zugriffe: 938

Save the date !

Sonndes, den 1. Juni 2025 :

Porte ouverte vum CISLAC



D’Amicale Pompjeeën Stauséigemeng invitéiert Iech op d’Porte ouverte vum CISLAC, dem Centre d’Incendie et de Secours de la Communde du Lac de la Haute-Sûre, an der Aweiung vum néie Pompjeescamion, engem „Löschfahrzeug 2“ vun der neister Generatioun.

 

Wéini?

Den 01. Juni 2025 ab 10 :00

Wou?

Zu Harel beim Pompjeesbau: 5, rue Laach L-9655 Harlange

Programm:

  • 10:00 – 12:00
    • Offiziell Aweiung vum „LAC-LF21“
  • 11:30
    • Apero-Concert
  • 14:00 – 17:00
    • Demonstratioune vun Asaz-Zenarien
    • Ausstellung vun Asazgefierer aus der ganzer Ëmgéigend
      (Wolz, Wëntger, Bauschelt, Rammerech, Alebësch)
  • De ganzen Dag iwwer:
    • Interaktiv Atelieren (Firetrainer a Reanimatiouns-Workshop)
    • Animatioun fir d’Kanner  (Sprangschlass a Kinderfeuerwache)
    • Iessen a Gedrénks
    • Verkaf vu Feierläscher
    • Rekrutement vun néie fräiwëllege Pompjeeën

 

Kommt och Dir op d’Porte ouverte an d’Grillfest vun de Pompjeeën aus der Stauséigemeng. Egal op Dir um Hobby oder Beruff als Pompjee interesséiert sidd, oder just ee puer gemittlech Stonnen op engem Grillfest verbrénge wëllt, jiddereen ass Wëllkomm!

Bis geschwënn!

Schéi Feierdeeg!

  • Veröffentlicht: Dienstag, 23. December 2025 17:42
  • Zugriffe: 444

Den CISLAC (Centre d‘Incendie et de Secours de la Commune du Lac de la Haute-Sûre) an d‘Amicale Pompjeeën Stauséigemeng wënschen Iech alleguer schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an dat néit Joer!❄️🎄

Op der Foto ze gesinn: TLFW1 (Tanklöschfahrzeug-Waldbrand), MTW1 (Mannschaftstransportwagen) an LF2 (Löschfahrzeug)

Jugendpompjeeën - Schnupperübung den 04/05/2024

  • Veröffentlicht: Freitag, 05. April 2024 07:55
  • Zugriffe: 1352

Bass Du tëschent 6 an 16 Joer al, wëlls iwwer dech erauswuessen an gees zu Harel an d'Schoul?
Bass du un engem aussergewéinlechen Hobby interesséiert an wëlls du:

  • Mat Pompjees- an Ambulanzmaterial schaffen?
  • Mat engem Feierläscher kënnen e klenge Brand läschen?
  • En Noutruff korrekt ofsetzen?
  • Éischt Hëllef leeschten?
  • Interessant Visitten maachen?

Dann komm op eis Schnupperübung den 04/05/2024 zu Harel am CISLAC

» L-9655 HARLANGE, 7, rue Laach - 10:00 - 12:00 Auer

 

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben