Übung - Hëlleflseeschtung mam Rettungsboot um Stauséi
E Méindeg den Owend (05/06/2023) hunn sech d'Membere vum CISLAC am Kader vum Maintien des Acquis (Übung) mat den Theme Rettungsboot a Patientebiergung befaasst.
Den Übungsscenario huet eng Seelbunn, an engem Säitenaarm vum Béiwener Stauséi, virgesi woumat eng verletzte Persoun vun der enger op déi aner Säit konnt transportéiert ginn. D'Pompjeeë vum CISLAC konnten heibäi den Ëmgang mam Tirfort a mat der Schleifkorbtrage üben.
Vir d'Bootschauffeure stoung Persounen- a Materialtransport um Programm. Heifir ware méi Iwwerfaarten noutwenneg an esou konnt jiddereen de sécheren Ëmgang mam Rettungsboot trainéieren, virun allem wat d'Uleeën um Ufer an d'präziist Bäifueren un verschidde Punkten ubelaangt.