Opfrëschungscours 1. Hëllef
- Veröffentlicht: Montag, 05. March 2018 20:58
- Zugriffe: 2963
Tombola Gewënner vum Präismaskebal 2017:
1. Präis | 100€ | N° 219 |
2. Präis | 75€ | N° 75 |
3. Präis | 50€ | N° 571 |
Gewënner kënnen sech beim KERGER Sascha um Telefon N° 621 311 857 mellen.
Haut de Moien ass de CISLAC als Verstäerkung op Bauschelt geruff ginn. Do war et an engem Ubau vun engem Café zu engem Brand komm. Den Damp huet sech och am ugrenzende Gebai, wat bewunnt ass, ausgebreet. Mat schwéierem Otemschutz equipéiert sinn d'Pompjeeën an d'Gebai virgedrongen. De Brand konnt no kuerzer Zäit ënner Kontroll bruecht ginn. En Belëfter koum an den Asaatz vir den Damp aus dem Gebai ze évaquéieren. D'Bewunner si vir eng Kontroll an d'Klinik komm. De Materialschued ass héich.
Asaatz-Stéchwuert: |
B2 |
Asaatz-Platz: | Bauschelt |
Mannschaftsstäerkt: | 15 |
Asaatz-Mëttel: | ![]() ![]() ![]() ![]() ![]() |
Ënnerstëtzung: |
Bauschelt / Wolz / Ambulanz / SAMU |
E weideren Asaatz bleiwt vum 23. Dezember nozedroe wou et zu engem Accident op der N26, vum Schumann op Béiwen erof komm war. Hei ass et bei liichtem Materialschued bliwwen, et gouf kee verletzt.
An de fréie Mueresstonne vum 03. Januar huet de Stuerm "Eleanor" och an eiser Géigend seng Spueren hannerlooss. De Poste Fixe vum CISLAC ass besat ginn, vu wou aus d'Asätz koordinéiert goufen.
Während den éischte Stonnen, wéi de Stuerm am stäerkste war, goufen d'Asätz mat 2 Sektioune gläichzäiteg bewältegt. Bis géint 10 Auer huet sech eng Sektioun am Zenter prett gehale vir zu all Moment kënnen auszerécken.
Bis zur Mëttesstonn sinn 12 Beem geraumt gi vir d'Verkéiersweeër erëm frei ze maachen. Des Weidere stoung wéinst dem ville Reen e Keller ënner Waasser.
(Archivbild)