Mittwoch, 07 October 2026
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Rettungsgaass

  • Veröffentlicht: Dienstag, 27. September 2022 11:18
  • Zugriffe: 839

"Am Fall vun engem Accident op der Autobunn kënne Minutten, dacks souguer Sekonnen, den Ënnerscheed tëscht Liewen an Doud maachen.

Dofir ass et wichteg, datt Dir, an esou engem Fall, eng Rettungsgaass forméiert. Mat der Rettungsgaass suergt Dir dofir, datt den Noutdéngscht méi séier a méi sécher op d'Plaz vum Accident kënnt: Blesséierter gi méi séier behandelt, d'Botzaarbechte fänke méi fréi un an de Stau gëtt méi frei opgeléist. ..." Quell: RTL.lu

Liest den ganzen Artikel op RTL: https://www.rtl.lu/mobiliteit/news/a/1971346.html

Lëtzebuerger Owend 2021

  • Veröffentlicht: Donnerstag, 14. October 2021 00:50
  • Zugriffe: 1365
Lëtzebuerger Owend zu Kauneref
den 13. November 2021 ab 19:00 Auer
-> Detail zum Menu & Umellung um Flyer
* * * * * * * * *
!!! Covid-Check Event !!!
 
 
Eise Sponsor:

Pompjee's Cross zu Rouspert

  • Veröffentlicht: Sonntag, 26. September 2021 09:43
  • Zugriffe: 1569

De 25. September huet eng Equipe vum CISLAC um Pompjee's Cross zu Rouspert deel geholl. Insgesamt konnten eis Leefer 🏃‍♂️ 3 Medaile mat heem huelen! 

Compagnie Übung zu Eschduerf

  • Veröffentlicht: Samstag, 09. October 2021 18:22
  • Zugriffe: 1356

De CISLAC huet haut mat enger Sektioun un der Compagnie Übung zu Eschduerf deel geholl. Hei e puer Andréck vun der Platz:

 

Erweiderung & Erneierung vum CISLAC Fuerpark

  • Veröffentlicht: Mittwoch, 11. August 2021 16:16
  • Zugriffe: 2689

Dës Woch huet de CISLAC direkt 2 nei Gefierer an Empfang geholl.

Den 1. Neizougang beim CISLAC ass e Rettungsboot wat et eis an Zukunft erméigleche wäert Asätz, um Waasser a laascht d'Ufer vum Stauséi, besser of ze schaffen.
Detailer zum Boot fann Dir hei.

 

Den 2. Neizougang beim CISLAC ass en DIW, en Déngschtauto dee souwuel dem Pelottonschef vum Déngscht, dem First Responder wéi och der Equipe vum CISLAC zur Verfügung steet. Deen neien DIW ersetzt eise KDoW dee mëttlerweil e bëssen an d'Jore komme war.
Detailer zum DIW fann Dir hei.

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben