Verdeele vun de Masken
Haut de Moien (18/04/2020) um 09:00 Auer huet de CISLAC ugefaangen d'Maske vir all Haushalt ze verpaken. Ab 10:00 Auer sinn déi éischt Equipe vu jeeweils 2 Mann ënnerwee vir d'Masken an de verschiddenen Dierfer vun der Stauséigemeng ze verdeelen. Bis haut den Owend huet also all Haushalt säi Set Masken ausgedeelt kritt. D'Hygiènesmesuren an d'Gestes Barrières sinn essentiell a gi strikt agehalen!
17 Membere vum CISLAC a vum Gemengepersonal sinn un dëser Aktioun bedeelegt!
Alleguer d'Informatioune betreffend de COVID-19 fannt Dir op folgendem Internetsite: coronavirus.gouvernement.lu