-
Veröffentlicht: Samstag, 21. October 2017 13:03
-
Zugriffe: 3267
Den 11. November 2017 organiséiert d'Amicale vun de Pompjeeë Béiwen en Lëtzebuerger Owend zu Kauneref. Kuckt de Flyer hei ënnendrënner vir weider Detailer.
Mer wënschen elo well e gudden Appetit a gesinn eis den 11. November ab 19:00 Auer zu Kauneref!


-
Veröffentlicht: Dienstag, 26. September 2017 17:57
-
Zugriffe: 3115
Leschte Sonndeg ass zu Harel den Tour du Duerf gefuer ginn. Zu dësem Ulass hat de CISLAC op e Grillfest invitéiert an dobäi vun der Geleeënheet profitéiert sech an d'Rettungswiesen an der Gemeng vir ze stellen.
D'Leit konnten de ganzen Dag iwwer de moderne Fuerpark vun de Pompjeeë besichtegen. Während dem Nomëtteg konnten d'Gäscht sech bei verschiddenen Atelieren an Demonstratiounen en Abléck an d'Rettungswiese verschafen an och selwer Hand uleeën a sou zum Beispill de richtegen Ëmgang mam Feierläscher oder der Feierläschdecke léieren. Och d'Reanimatioun, mat Hëllef vun engem Defibrillator, konnt geübt ginn. D'Membere vum CISLAC hunn jeeweils déi néideg Erklärungen zu den Ateliere ginn.
Vir déi méi jonk Gäscht goufe Spiller an Atelieren ugebueden.
Fir Eessen a Drénke war beschtens gesuergt. Duerch d'Musek vun EVT Event-Technik ASBL an deem gudde Wieder ass eng angenehm Atmosphäre entstanen.
Mer soen eise Gäscht a Visiteure villmools Merci vir de flotten Nomëtteg an eventuell bis nächst Joer!
(PW)




