-
Veröffentlicht: Sonntag, 25. June 2017 09:54
-
Zugriffe: 2322
De 24. Juni 2017 am fréien Owend ass de CISLAC vir en net alldeeglechen Asaatz op Harel geruff ginn. Beim Spadséieren ass enger Madame e klengen Dachs opgefall, deen hëlleflos laascht de Wee louch. No Récksprooch mam 112 ass d'Déier an d'Opfangstatioun vir wëll Déieren op Diddeleng gefouert ginn. Hei gëtt sech lo em de klengen Dachs gekëmmert bis e rem fit ass.
| Asaatz-Stéchwuert: |
T1 |
| Asaatz-Platz: |
HARLANGE |
| Mannschaftsstäerkt: |
3 |
| Asaatz-Mëttel: |
 |
| Ënnerstëtzung: |
/ |
(Beispillfoto)
-
Veröffentlicht: Sonntag, 11. June 2017 22:09
-
Zugriffe: 2674
E Sonndeg, den 11. Juni 2017, stoung am spéiden Nomëtteg en Drécks-Container bei der Plage zu Léifreg a Brand. Ausléiser ware wuel Grillkuelen déi am Container entsuergt goufen ier se ganz ofgekillt waren. Beim Brand ass keen verletzt ginn, de Materialschued hält sech, wéinst dem séieren Agräifen vum CISLAC, a Grenzen.
| Asaatz-Stéchwuert: |
B1 |
| Asaatz-Platz: |
LIEFRANGE, Plage, Yacht-Club |
| Mannschaftsstäerkt: |
11 |
| Asaatz-Mëttel: |
 |
| Ënnerstëtzung: |
Police Grand-Ducale |

