-
Veröffentlicht: Mittwoch, 30. November 2016 09:42
-
Zugriffe: 2461
De 29. November 2016 koum et an de fréien Owesstonnen zu engem Groussbrand op engem landwirtschaftleche Betrieb zu Rulljen (ROULLINGEN). D'Pompjeeë vum CISLAC hunn zesumme mat de Kollege vu Wolz (WILTZ) an Eeschweller (ESCHWEILER) de Brand bekämpft. Et konnt sou verhënnert ginn, dass d'Feier sech op de Stall ausgebreet hott.
Well op der Platz nik genuch Waasser vir d'Läschaarbechten zur Verfügung stoung, sinn 2 Gefierer vum CISLAC (LF11 / TLFA21) am Pendelverkéier gefuer an hunn zousätzlecht Läschwaasser vum Schumann op d'Asaatzplatz bruecht.
Vum CISLAC op der Plaatz: TLFA21 / LF11 / GW11 / MTW1 / KDOW1 & 15 Pompjeeën
Hei de Link op den Artikel vun RTL: http://www.rtl.lu/letzebuerg/981463.html



-
Veröffentlicht: Samstag, 29. October 2016 21:57
-
Zugriffe: 3465
E Samschdeg am spéiden Nomëtteg gouf de CISLAC vir en éischter aussergewéinlechen Asaatz geruff. Bei der Fatima-Kapell zu Harel hat e Bauer bei Feldaarbechten eng Fligerbomm aus dem 2. Weltkrich ausgegruewen. Well dës nik transportéiert konnt ginn hott se missen op der Platz gesprengt ginn. An Zesummenaarbecht mat der Police an dem Service Déminage vun der Arméi hott de CISLAC e Sécherheetsperimeter ageriicht. Sämtlech Stroossen am Ëmkrees hunn misse vir eng gewëssen Zäit gespaart ginn.



