Mittwoch, 11 February 2026
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Kichebrand

  • Veröffentlicht: Mittwoch, 23. August 2017 22:00
  • Zugriffe: 2071

Den 23. August 2017, kuerz no 20:00 Auer, ass de CISLAC als Ënnerstëtzung op Wolz an d'Rue de la Chapelle geruff ginn. An enger Kiche war et hei zu engem Brand komm. Wéinst dem séieren Agräife konnt de Brand a senger Entstehungsphase geläscht an domat Schlëmmeres verhënnert ginn.

 

 

 Asaatz-Stéchwuert:  B2
 Asaatz-Platz:  Wolz, rue de la Chapelle
 Mannschaftsstäerkt:  13
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11 picto gw11 picto mtw1
 Ënnerstëtzung:  Pompjeeën Wolz / Ambulanz / Police

 

 2017081803

2017081804

2017081802

Déidleche Verkéiersaccident op der N26

  • Veröffentlicht: Samstag, 19. August 2017 09:57
  • Zugriffe: 3006

E Freiden den 18. August 2017 koum et géint hallwer 6 zu engem schwéieren Autosaccident op der N26, tëschent dem Schumann's Eck a Béiwen. En Automobilist ass mat sengem Gefier vun der Strooss oofkomm an ass an e Bam gerannt. Den Auto huet sech doropshin iwwerschloen an ass an engem Feld ënnerhalb der Strooss leie bliwwe wou en Feier gefaangen huet. Vir de Chauffeur sollt all Hëllef ze spéit kommen.
D'Strooss hat missen vir d'Zäit vun den Rettungs- an Opraumaarbechte gespaart ginn.

 

 Asaatz-Stéchwuert:  VU3
 Asaatz-Platz:  N26, zwësche Schumann's Eck a Béiwen
 Mannschaftsstäerkt:  10
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11 picto gw11
 Ënnerstëtzung:  Pompjeeën Gemeng Bauschelt / Ambulanz / SAMU / Sauvetage Wolz / Inspekter / Police / P&Ch

 

2017081801

2017081802

Auto iwwerschléit sech

  • Veröffentlicht: Freitag, 21. July 2017 17:54
  • Zugriffe: 1746

En 2. Asaatz gouf et vir de CISLAC den 19. Juli 2017 géint 17:20 Auer. Op der N26, der Strooss vum Schumann's Eck op Béiwen erof, ass en Auto bei engem Iwwerhuelmanöver vun der Strooss ofkomm, hott e Bam gesträift a sech am ugrenzende Feld iwwerschloen.

An dësem Zesummenhang sief op den Zeienopruff vun der Police opmierksam gemaach:


police

 

 

 Asaatz-Stéchwuert:  VU2
 Asaatz-Platz:  N26, zwësche Schumann's Eck a Béiwen
 Mannschaftsstäerkt:  9
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11 picto gw11
 Ënnerstëtzung:  Ambulanz / Police

 

2017061101

2017061102

N15 - Bam behënnert Verkéier

  • Veröffentlicht: Freitag, 18. August 2017 02:30
  • Zugriffe: 1869

An de fréie Moiesstonne gouf de CISLAC op d'N15, der Nationalstrooss tëschent Bitscht an dem Schumann's Eck, geruff. E klenge Bam war ëmgefall an der Verkéier a Richtung Schumann war behënnert.

 

 

 Asaatz-Stéchwuert:  T1
 Asaatz-Platz:  N15, zwësche Bitscht a Schumann's Eck
 Mannschaftsstäerkt:  7
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11
 Ënnerstëtzung:  /

Bam blockéiert N15

  • Veröffentlicht: Freitag, 21. July 2017 17:42
  • Zugriffe: 1860

En 1. Asaatz gouf et den 19. Juli 2017 géint 14:20 Auer vir d'Equipe vum CISLAC wéi op der N15, der Nationalstrooss zwësche Bitscht a Schumann's Eck, en décke Bam ëmgefall ass an déi 3 Fuerbunne blockéiert hott. Duerch den ëmgefallene Bam ass eng Persoun blesséiert ginn.

 

 Asaatz-Stéchwuert:  VU2
 Asaatz-Platz:  N15, zwësche Bitscht a Schumann's Eck
 Mannschaftsstäerkt:  6
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11
 Ënnerstëtzung:  Ambulanz / Police

 

2017061101

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben