Donnerstag, 07 May 2026
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Velo géint Auto

  • Veröffentlicht: Samstag, 27. May 2017 17:31
  • Zugriffe: 1906

De 27.05.2017, um Samschdeg Moien, war et e gemeinsamen Asaatz vir d'Pompjeeën an d'First Responder vum CISLAC. Op der N26, vu Béiwen op de Schumann's-Eck erop war et zu engem Zesummestouss tëschent engem Vëlo an engem Auto komm. De Vëlosfuerer ass beim Accident verletzt ginn a koum mat der Ambulanz an d'Klinik.

Op der Platz: TLFA21 / LF11 / Ambulanz Wolz / Police

 

Motorradsaccident Schumann - Béiwen

  • Veröffentlicht: Sonntag, 21. May 2017 18:48
  • Zugriffe: 3387

Géint 16:15 Auer ass et op der N26, der Streck tëschent dem Schumann's-Eck a Béiwen, zu engem Motorradsaccident komm. De Chauffeur ass heibäi blesséiert ginn an koum mam Rettungshelikopter an d'Klinik.

Op der Platz: TLFA21 / LF11 / KDOW1 / RW21 Woltz / Ambulanz Woltz / Police

 

Stréi-Botten verluer

  • Veröffentlicht: Samstag, 01. April 2017 17:31
  • Zugriffe: 2387

Den 29. Mäerz 2017 goung beim CISLAC eng Alerte an vir 4 Stréi-Botten aus dem Rond-Point zu Béiwen ewech ze raumen. D'Bottë ware beim Transport onbemierkt vun engem Unhänger erof gefall.

Op der Platz: TLFA21 / LF11 / GW11 / MTW1

 

Brand an engem Garage

  • Veröffentlicht: Donnerstag, 11. May 2017 09:09
  • Zugriffe: 2301

E Mëttwoch, den 10. Mee, ass zu Kauneref an engem Garage e Brand entstanen. E puer weider Géigestänn sinn doduerch mat a Brand geroden. Eng Gasfläsch konnt mat Zäiten aus dem Geforeberäich eraus geholl ginn. Duerch dat séiert Agräife vum CISLAC konnt Schlëmmeres verhënnert ginn.

Op der Platz: TLFA21 / LF11 / MTW1 / 12 Pompjeeën / Police / Ambulanz

 

Ueleg-Spuer

  • Veröffentlicht: Sonntag, 19. March 2017 11:17
  • Zugriffe: 2314

Den 18. Mäerz ass d'Equipe vum CISLAC ausgeréckt vir eng Ueleg-Spuer ze botzen déi ënner anerem d'Duerfstrooss zu Béiwen verknascht hott.

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben