Donnerstag, 07 May 2026
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Autosbrand

  • Veröffentlicht: Freitag, 21. October 2016 23:13
  • Zugriffe: 2523

Den 21. Oktober ass de CISLAC géint 16:00 alertéiert ginn well op der N15, tëscht dem Schumanns-Eck a Bitscht, en Auto gebrannt hott. Beim Antreffen op der Platz war de Brand well gréisstendeels mat engem Feierläscher ënner Kontroll bruecht ginn. D'Pompjeeën aus der Stauséigemeng, déi mat 8 Mann op der Platz waren, hunn de Brand definitiv geläscht. Och bei dësem Asaatz blouf et beim Materialschued.

Brand an enger Garage

  • Veröffentlicht: Donnerstag, 20. October 2016 22:40
  • Zugriffe: 2856

Den 20. Oktober, kuerz viru Mëtteg, gouf de CISLAC als Verstäerkung op e Garagebrand op d'Fléiber (Gemeng Bauschelt) geruff. Zesumme mat de Kollege vu Bauschelt, Wolz a Rammerech konnt de Brand séier ënner Kontroll bruecht ginn.
Beim Brand ass kee verletzt ginn, et bleift deemno beim Materialschued.

Wëldowend

  • Veröffentlicht: Samstag, 17. September 2016 08:47
  • Zugriffe: 4103

Och dëst Joer organiséiert d'Amicale vun de Pompjeeë Béiwen hire Wëldowend zu Kauneref.
Profitéiert vun eiser Navette innerhalb der Stauséigemeng. Sot bei der Umeldung Bescheed, dann huele mer Eech doheem of a féieren Eech zu der gewënschter Zäit och nees Heem.

Meld Eech séier un! Mer freeën eis op Äre Besuch!

 

Ueleg-Spur(en)

  • Veröffentlicht: Dienstag, 18. October 2016 22:05
  • Zugriffe: 2433

De Weekend vum 15./16. Oktober 2016 hutt de CISLAC direkt 2 Mol missen ausrécke vir Ueleg-Spuren an der Stauséigemeng ewech ze maachen. Iwwer méi Kilometeren hat e Gefier zu Béiwen an zu Léifreg Mazout verluer.

Doud vum Här Jean Lorang

  • Veröffentlicht: Dienstag, 23. August 2016 07:00
  • Zugriffe: 2446

POMPJEEËN VUN DER
STAUSÉIGEMENG


hunn déi traureg Flicht, den Doud vum


Här Jean Lorang
Member säit dem 01.05.1955
langjährigen Kommandant an Éirekommandant
vum fréieren Corps Kaunerëf-Léifrig


matzedeelen.


Mir senn dankbar fir déi
vill schéin Momenter a Stonnen,
déi mir zesumme verbrénge konnten
a wäerten heen ëmmer a beschter Erënnerung halen.


Der Famill am Trauer drécke mir eist déifste Bäileed aus.

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben