Donnerstag, 07 May 2026
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Gewënner Tombola Präismaskebal

  • Veröffentlicht: Mittwoch, 15. March 2017 20:28
  • Zugriffe: 2078

Tombola Gewënner vum Präismaskebal 2017:

1. Präis 100€ 037
2. Präis 75€ 657
3. Präis 50€ 415

 

Gewënner kënnen sech beim KERGER Sascha um Telefon N° 621 311 857 mellen.

 

 

Übung

  • Veröffentlicht: Montag, 13. March 2017 10:42
  • Zugriffe: 2175

E Sonndeg, den 12. Mäerz 2017 gouf eng Übung, an Zesummenaarbecht mat de Kollegen aus dem Zenter vu Wolz, zu Walter op engem Bauerenhaff ofgehalen. Souwuel den ofwierende Brandschutz wéi och d'Mënscherettung ënner schwéierem Otemschutz goufen op dëser Übung trainéiert.

Beem blockéieren N26

  • Veröffentlicht: Montag, 13. March 2017 10:28
  • Zugriffe: 1968

Den 23.02.2017 sinn duerch en heftege Wandstouss e puer Beem op d'Strooss tëschent Béiwen an dem Schumann gefall, wouduerch d'Streck komplett blockéiert war. An Zesummenaarbecht mat P&Ch an der Forstverwaltung konnten déi ëmgefalle Beem innerhalb kuerzer Zäit geraumt ginn. Op der Platz: TLFA21 / LF11 / GW11 / 8 Pompjeeën

Waasserleitung geplatzt

  • Veröffentlicht: Sonntag, 29. January 2017 14:08
  • Zugriffe: 2305

Kuerz virun 12:00 Auer ass de CISLAC op KAUNDORF geruff ginn well hei op engem Chantier eng Waasserleitung geplatzt war. Den Haaptschieber gouf zougedréint an domat d'Fuite gestoppt.

Op der Platz: TLFA21 / LF11 / GW11 / 10 Pompjeeën

 

 

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben