Stuerm CIARA / SABINE
Wéi ugekënnegt huet de Stuerm Ciara / Sabine am laf vum Nomëtteg vum 09. Februar och Lëtzebuerg getraff. Meteolux hat an dësem Kader souguer eng "Alerte Rouge" vir d'ganz Land eraus ginn.
De Bilan no 24 Stonnen: 17 Asätz si gefuer ginn, an der Haaptsaach wéinst emgefalene Beem an doduerch blockéierte Stroossen, awer och wéinst Ofspärunge vu Chantieren déi duerch de staarke Wand an d'Strooss gefall waren.
Ab ongeféier 21:30 Auer e Sonnden bis 11:00 Auer e Méinden de Moie war dann och déi lokal Zentral am Pompjeesbau, de sougenannten "Poste Fixe" besat, vu wou aus d'Asätz an der Gemeng koordinéiert gi sinn.
Déi genau Oplëschtung & Dokumentatioun vun den eenzelnen Asätz kënn Dir hei noliesen.
Liest hei den Artikel vun RTL betreffend de Stuerm.