Dienstag, 16 April 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

1.-Hëllef-Cours an der Stauséigemeng

Dir sidd interesséiert un engem Éischt-Hëllef Cours deelzehuelen oder der wëllt äert Wëssen erëm opfrëschen?

Mer hunn Iech een Éischt-Hëllef Cours organiséiert, deen den 10. Januar 2023 zu Harel am Pompjeesbau ufänkt.
Den Cours ass all Dënschden Owend vun 19 bis 21 Auer an dauert 8 Owender. (bis den 28. Februar)

 

An dësen Owender léiert dir déi liewenswichteg Gesten fir enger Persoun an Nout ze hëllefen bei:

- Accidenter,
- Bluddungen,
- Bewosstlosegkeet,
- Häerzinfarkt,
- Hiereschlag,
- Verbrennungen,
- ...

Uschléissend krit dir een Diplom. (Et ass keen Examen)
Dir kënnt Iech umellen iwwert den Internetsite vum CGDIS:

 

www.112.lu
» Formation » Cours de premiers secours » Inscrivez-vous » Dates-Inscription

Wann Dir Froen hutt, kennt Dir eis gäre kontaktéieren.

 

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben