Iwwerschwemmung
De CISLAC ass haut géint 16:00 Auer op Noutem an d'Duerfstrooss geruff ginn, well et hei zu enger Iwwerschwemmung komm war. Bedéngt duerch de ville Reen hunn sech op engem ugrenzende Feld grouss Waassermassen ugesammelt déi dunn a Richtung vun den Haiser ofgefloss sinn. Heibäi gouf vill Buedem a Steng mat ofgeschwemmt.
Nodeems de Reen nogelooss hat konnt mat den Opraumaarbechten ugefaange ginn. Zesumme mam Service Technique vun der Stauséigemeng an den Awunner vun Noutem gouf de Bulli op d'Säit gefouert an d'Strooss gebotzt.
Wéinst deene grousse Waassermassen ass et och op engem Bauerenhaff zur Iwwerschwemmung komm. Och hei hutt de CISLAC gehollef d'Kanäl frei ze maachen an sou dofir ze suergen, dat d'Waasser konnt offléissen. (PP)