Donnerstag, 28 March 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

Hydraulik-Ueleg an der Wolz

Den 13. Mäerz 2018, kuerz virun 22:30 Auer, ass de CISLAC mam “Groupe Dépollution” op Nidderwampech geruff ginn wéinst enger Verschmotzung am Floss "Wolz". Bei dësem “Groupe Dépollution” handelt et sech em eng interkommunal Kooperatioun tëscht dem CISLAC an dem CIS Boulaide.

Zu Neffe, an der Belsch, waren an engem Steebroch tëscht 150 an 180 Liter Hydraulik-Ueleg ausgelaf déi dunn zum Deel an d’Wolz gefloss sinn. Nodeems et op belscher Säit net gelonge war den Uelech zréck ze hale sinn déi lëtzebuerger Rettungsdéngschter alarméiert ginn an et ass en Barrage zu Nidderwampech opgeriicht ginn. Heimat konnt den Uelechfilm gesammelt an opgefaange ginn. Dëse gëtt elo als Sondermüll entsuergt.

Den Asaatz konnt géint 01:00 Auer erfollegräich ofgeschloss ginn. De Barrage bleift awer och déi nächst Deeg nach an der Wolz vir den Uelech deen nach nozitt kennen opzefänken.

Op der Platz waren, nieft dem Groupe Dépollution vum CISLAC & CIS Boulaide och nach d’Pompjeeë vun der Gemeng Wëntger, d’BNS Lëntgen an d’Administration de la Gestion de l’Eau.

 

 

Asaatz-Stéchwuert:

G1
Asaatz-Platz: Nidderwampech
Mannschaftsstäerkt: 11
Asaatz-Mëttel: picto tlfa21 picto lf11 picto gw11 picto mtw1
Ënnerstëtzung:

CIS Boulaide / Pompjeeë Gemeng Wëntger / BNS Lintgen / Admin. de la Gestion de l'Eau

 

5b56d87b 989d 43c7 a892 45927a951b9e 

186efc14 9f00 4cf6 b80a 84f3415d6ba8

Unbenannt 1

IMG 1029

 

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben

       

Wir nutzen Cookies auf unserer Website. Einige von ihnen sind essenziell für den Betrieb der Seite, während andere uns helfen, diese Website und die Nutzererfahrung zu verbessern (Tracking Cookies). Sie können selbst entscheiden, ob Sie die Cookies zulassen möchten. Bitte beachten Sie, dass bei einer Ablehnung womöglich nicht mehr alle Funktionalitäten der Seite zur Verfügung stehen.