1.Hëllef-Cours zu Harel
- Veröffentlicht: Dienstag, 21. August 2018 18:42
- Zugriffe: 3931
En Donneschden Owend géint 17:00 Auer ass de CISLAC op Nidderwampech geruff ginn. Kuerz hannert der Grenz a Richtung Benonchamp (B) stoung e Feld a Brand. Eng ganz Partie Stréibotten déi zu deem Ament nach um Feld louchen sinn mat verbrannt. D'Feier konnt ënner Kontroll bruecht an en Iwwergräifen op weider landwirtschaftlech Kulturen verhënnert ginn.
An deem Zesummenhang kéint Eech folgenden Artikel op RTL.lu interesséieren: http://www.rtl.lu/letzebuerg/1218742.html
Asaatz-Stéchwuert: |
B2 |
Asaatz-Platz: | Nidderwampech - Benonchamp (B) |
Mannschaftsstäerkt: | 12 |
Asaatz-Mëttel: | ![]() ![]() ![]() |
Ënnerstëtzung: |
Wëntger / Ambulanz Wolz / Belsch Pompjeeën |
E Freiden (06.07.2018) den Owend ass de CISLAC als Renfort op e Brand vun der Kategorie B3 op de Misäershaff geruff ginn. An der Kichen war et zu engem Brand komm woubäi eng Persoun sech Verbrennungen zougezunn huet. Eng weider Persoun ass mam Verdacht op eng Dampvergëftung an d’Klinik gefouert ginn. 19 Pompjeeën vum CISLAC waren hei am Asatz.
Asaatz-Stéchwuert: |
B3 |
Asaatz-Platz: | Misäershaff |
Mannschaftsstäerkt: | 19 |
Asaatz-Mëttel: | ![]() ![]() ![]() ![]() |
Ënnerstëtzung: |
- ELW Woltz |
Ebenfalls e Freiden den Owend ass am Zenter zu Harel eng Übung ofgehal ginn. Hei gouf en Zëmmerbrand mat Persounerettung simuléiert.
Vir e Samschden (07.07.2018) sinn 4 weider Asätz ze verzeechnen, dovunner 2 First-Responder Asätz zu Harel an zu Léifreg. Zu Harel war nieft der Ambulanz och de Rettungshelikopter vun der Air Rescue am Asatz.
Géint 17:00 Auer ass e Motorradsfuerer an der Salzbaach zu Wolz mat sengem Gefier gefall an gouf blesséiert. De CISLAC war hei mat 8 Mann op der Platz.
Asaatz-Stéchwuert: |
VU3 |
Asaatz-Platz: | Wiltz / Salzbaach |
Mannschaftsstäerkt: | 8 |
Asaatz-Mëttel: | ![]() ![]() |
Ënnerstëtzung: |
- Ambulanz Woltz |
E Samschden den Owend géint 22:00 Auer ass et dunn nach zu engem méi spektakulären Accident zu Harel an der rue Mgr. Fallize komm. En Automobilist ass mat sengem Gefier iwwert e Begrenzungspoteau gefuer, huet dono eng Telefonskabinn zerstéiert vir schlussendlech widdert der Mauer vun engem Haus un d’halen ze kommen. Den Asatz gouf mat 11 Pompjeeën bewältegt.
Den Artikel zum Accident fannt Dir och op rtl.lu (klick hei)
Asaatz-Stéchwuert: |
VU2 |
Asaatz-Platz: | Harlange / rue Mgr. Fallize |
Mannschaftsstäerkt: | 11 |
Asaatz-Mëttel: | ![]() ![]() ![]() ![]() |
Ënnerstëtzung: |
- Ambulanz Woltz |
Nieft deene villen Asätz war awer och nach eng Équipe vum CISLAC beim Ghostrace zu La Roche-En-Ardenne derbäi. Et handelt sech heibäi em eng Lafcourse während där et allméiglech Hindernisser ze iwwerwanne gelt.
En Donneschden, den 12. Juli, ass et zu engem Brand an enger Kichen zu Béiwen komm. D'Feier konnt geläscht ginn nach ier d'Pompjeeën op der Platz waren. Den Dampmelder hat Alarm geschloen an sou sinn d'Noperen op de Brand opmierksam ginn. Alt nees enker huet en Dampmelder Schlëmmeres verhënnert an och de Materialschued konnt geréng gehale ginn.
An deem Zesummenhang sief nach enker d'Campagne vum Dampmelder higewisen: Link
Gitt och Dir Eech ären Dampmelder sichen, e ka Liewe retten!
Asaatz-Stéchwuert: |
B1 |
Asaatz-Platz: | Béiwen |
Mannschaftsstäerkt: | 13 |
Asaatz-Mëttel: | ![]() ![]() ![]() |
Ënnerstëtzung: |
/ / / |
Den 29. Juni 2018 ass op der Fléiber (Bauschelt) den neien Depollutiounsunhänger ageweit ginn. Dësen Unhänger ass Deel vun enger Kooperatioun tëscht de Gemenge Bauschelt a Stauséigemeng souwéi dem CISBOU an dem CISLAC.
No der Begréissung vum Buergermeeschter vun der Gemeng Bauschelt, dem René Daubenfeld, war et de Chef de Corps vum CISBOU, de Pascal Nijenhuis deen déi 2 Corpse virgestallt huet a besonnesch op déi gutt Zesummenaarbecht agaangen ass. Weider huet hien erklärt, dat déi 2 Corpsen, nieft den normale Pompjeesasätz, och nach de Sauvetage Communal an de First Responder Service garantéieren. Och bei de Jugendpompjeeë gëtt enk zesumme geschaaft a sou ass am Joer 2013 d'Entente Jugendpompjeeën Uewersauer gegrënnt ginn.
Dono huet de Chef de Corps vum CISLAC, den Thierry Schon, a senger Ried op d'Entstehung vum Projet zréck gekuckt. Eng ganz Rei Accidenter a virun allem en Asaatz am Februar 2013 waren d'Ursaach firwat sech mam Inspekter zesumme gesat ginn ass an no Léisunge gesicht gouf. Mat der Reform vun de Rettungsdéngschter kruten d'Pompjeeën zu deem Zäitpunkt d'Méiglechkeet sech an engem bestëmmte Beräich ze spezialiséieren. Wann een d'Lag vun den 2 Gemengen direkt um Stauséi a Betruecht zitt, louch et deemno op der Hand sech am Beräich vum (Drénk)Waasser- an Naturschutz ze engagéieren.
Nom Accord vun den 2 Gemengen, de Projet mat ze droen an awer och de finanziellen Deel ze iwwerhuelen, gouf den Unhänger ugeschaaft an an Eegeregie ausgebaut. Et gouf eng Equipe innerhalb vun den 2 Zentren opgestallt, vir de Moment bestoend aus 26 Leit, déi am Beräich vun der Depollutioun forméiert gouf. Weider gouf en Interventiounsplang opgestallt deen e séiert an effizient Agreifen am Fall vun enger Verschmotzung erméiglecht.
De Minister Romain Schneider, als Vertriedung vum Inneminister Dan Kersch, den Tom Barnig, Directeur des Opérations bei der ASS an de Regionalinspekter, Charel Zanter hunn weider d'Wuert ergraff ier d'Band duerchgeschnidde gouf. No der Aweiung hunn d'Gemengen op den Éierewäin invitéiert.
Fotoe vun der Aweiung vum Raymond Brausch: