Freitag, 09 May 2025
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Sichaktioun

  • Veröffentlicht: Donnerstag, 14. June 2018 09:58
  • Zugriffe: 4431

An der Nuecht vum 12. op den 13. Juni, kuerz no Mëtternuecht, ass de CISLAC vir eng Sichaktioun alertéiert gi well en 11-Järege Bouf vun doheem vermësst ginn ass. Zesumme mat den Hondsstaffele vun der Administration des Services de Secours, der Croix Rouge an der Police sou wéi e puer Patrulle vun der Police an dem Helikopter konnt d'Sich an de fréie Moiesstonne positiv ofgeschloss ginn.

No der Instandsetzung vun eise Raimlechkeeten, dem Material an de Gefierer war den Asaatz Moies géint 10 Auer eriwwer.

Link: Facebook-Meldung vum Groupe Cynotechnique vun der ASS

 

 

Asaatz-Stéchwuert:

T1
Asaatz-Platz: Tarchamps / Harel
Mannschaftsstäerkt: 19
Asaatz-Mëttel: picto tlfa21 picto lf11 picto gw11 picto mtw1
Ënnerstëtzung:

- Groupe Cynotechnique ASS
- Unité Cynotechnique Croix Rouge Luxembourgeoise
- Groupe Canin Police Lëtzebuerg
- Police
- Ambulanz Rammerëch

 

 2018061224

2018061225

2018061215

Staarke Reen

  • Veröffentlicht: Dienstag, 12. June 2018 09:41
  • Zugriffe: 2292

Bedéngt duerch de ville Reen dee gëschter Owend gefall ass huet de CISLAC misse wéinst engem iwwerschwemmte Keller an engem Bam op der Fuerbunn ausrécken.

 

Asaatz-Stéchwuert:

T1
Asaatz-Platz: Kaundorf & N15
Mannschaftsstäerkt: 13
Asaatz-Mëttel: picto tlfa21 picto lf11 picto gw11
Ënnerstëtzung:

///

 

2018061103

 

2018061105

Hydraulik-Ueleg an der Wolz

  • Veröffentlicht: Mittwoch, 14. March 2018 23:54
  • Zugriffe: 4706

Den 13. Mäerz 2018, kuerz virun 22:30 Auer, ass de CISLAC mam “Groupe Dépollution” op Nidderwampech geruff ginn wéinst enger Verschmotzung am Floss "Wolz". Bei dësem “Groupe Dépollution” handelt et sech em eng interkommunal Kooperatioun tëscht dem CISLAC an dem CIS Boulaide.

Zu Neffe, an der Belsch, waren an engem Steebroch tëscht 150 an 180 Liter Hydraulik-Ueleg ausgelaf déi dunn zum Deel an d’Wolz gefloss sinn. Nodeems et op belscher Säit net gelonge war den Uelech zréck ze hale sinn déi lëtzebuerger Rettungsdéngschter alarméiert ginn an et ass en Barrage zu Nidderwampech opgeriicht ginn. Heimat konnt den Uelechfilm gesammelt an opgefaange ginn. Dëse gëtt elo als Sondermüll entsuergt.

Den Asaatz konnt géint 01:00 Auer erfollegräich ofgeschloss ginn. De Barrage bleift awer och déi nächst Deeg nach an der Wolz vir den Uelech deen nach nozitt kennen opzefänken.

Op der Platz waren, nieft dem Groupe Dépollution vum CISLAC & CIS Boulaide och nach d’Pompjeeë vun der Gemeng Wëntger, d’BNS Lëntgen an d’Administration de la Gestion de l’Eau.

 

 

Asaatz-Stéchwuert:

G1
Asaatz-Platz: Nidderwampech
Mannschaftsstäerkt: 11
Asaatz-Mëttel: picto tlfa21 picto lf11 picto gw11 picto mtw1
Ënnerstëtzung:

CIS Boulaide / Pompjeeë Gemeng Wëntger / BNS Lintgen / Admin. de la Gestion de l'Eau

 

5b56d87b 989d 43c7 a892 45927a951b9e 

186efc14 9f00 4cf6 b80a 84f3415d6ba8

Unbenannt 1

IMG 1029

 

Tombola Präismaskebal 2018 Harel

  • Veröffentlicht: Samstag, 03. March 2018 19:53
  • Zugriffe: 2191

Tombola Gewënner vum Präismaskebal 2017:

1. Präis 100€ 219
2. Präis 75€ 75
3. Präis 50€ 571

 

Gewënner kënnen sech beim KERGER Sascha um Telefon N° 621 311 857 mellen.

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben