Freitag, 26 April 2024
  • '
    '

    CISLAC

    Mer ginn vir Eech duerch d'Feier!

  • '
    '

    First Responder

    Séier a kompetent Hëllef vir d'Leit aus der Stauséigemeng & Ëmgéigend

  • '
    '

    Technesch Hëllef-Leeschtung

    Mer hëllefen bei Accident, Ongléck a Gefor. Doheem an Ënnerwee.

  • '
    '

    Brandschutz

    Virbeugen ier et ze spéit ass! Trainéieren vir den Eeschtfall!

  • '
    '

    Jugendpompjeeën

    Entente Jugendpompjeeën Uewersauer - Eis Zukunft!

A+ R A-

News

Brand an engem Café an Accident op der N26

  • Veröffentlicht: Freitag, 29. December 2017 13:31
  • Zugriffe: 3034

Haut de Moien ass de CISLAC als Verstäerkung op Bauschelt geruff ginn. Do war et an engem Ubau vun engem Café zu engem Brand komm. Den Damp huet sech och am ugrenzende Gebai, wat bewunnt ass, ausgebreet. Mat schwéierem Otemschutz equipéiert sinn d'Pompjeeën an d'Gebai virgedrongen. De Brand konnt no kuerzer Zäit ënner Kontroll bruecht ginn. En Belëfter koum an den Asaatz vir den Damp aus dem Gebai ze évaquéieren. D'Bewunner si vir eng Kontroll an d'Klinik komm. De Materialschued ass héich.

 

Asaatz-Stéchwuert:

B2
Asaatz-Platz: Bauschelt
Mannschaftsstäerkt: 15
Asaatz-Mëttel: picto tlfa21 picto lf11 picto gw11 picto mtw1
Ënnerstëtzung:

Bauschelt / Wolz / Ambulanz / SAMU

 

 

 


E weideren Asaatz bleiwt vum 23. Dezember nozedroe wou et zu engem Accident op der N26, vum Schumann op Béiwen erof komm war. Hei ass et bei liichtem Materialschued bliwwen, et gouf kee verletzt.

 

 

 

Kamäibrand a Beem op der Strooss

  • Veröffentlicht: Sonntag, 12. November 2017 23:13
  • Zugriffe: 2398

Vill Aarbecht gouf et um Sonndeg Nomëtteg vir de CISLAC wou direkt 2 Asätz ze vermierke sinn.

Op der Streck tëschent Kauneref a Léifreg, respektiv tëschent Mecher a Léifreg waren all Kéiers e puer Beem ëmgefall an hunn d'Fuerbunn blockéiert.

Nach während dem Asaatz goung eng weider Alerte an. Zu Noutem war et an engem Wunnhaus zu engem Kamäibrand komm. Mat schwéierem Otemschutz equipéiert konnt de Brand ënner Kontroll bruecht ginn. Uschléissend gouf d'Brandplatz mat enger Wärmebildkamera kontrolléiert vir auszeschléissen, dat d'Feier op en neits ugeet.

 

 

 Asaatz-Stéchwuert:  B1DL
 Asaatz-Platz:  Nothum, um Knupp
 Mannschaftsstäerkt:  12
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11 picto gw11 picto mtw1
 Ënnerstëtzung:  Wiltz

 

 IMG 2001

IMG 1996

Kamäibrand

  • Veröffentlicht: Samstag, 16. December 2017 10:19
  • Zugriffe: 2078

E Freiden de 15. Dezember ass et kuerz no 21:00 Auer zu engem Kamäibrand an engem Eefamilljenhaus zu Kauneref komm.

D'Pompjeeë vum CISLAC zesumme mat de Kollegen aus dem Interventiounszentrum vu Wolz hunn sech em d'Brandbekämpfung gekëmmert. Heibäi ass d'Dréileeder an den Asaatz komm. Mat Hëllef vun enger Wärmebildkamera gouf séchergestallt, dat d'Feier definitiv aus ass. Et ass gelongen de Brand op déi Platz ze begrenze wou en entstanen ass.

 

 Asaatz-Stéchwuert:  B1DL (Brand 1 mit Drehleiter)
 Asaatz-Platz:  Kaundorf, um Schoss
 Mannschaftsstäerkt:  13
 Asaatz-Mëttel:  picto tlfa21 picto lf11 picto gw11 picto mtw1
 Ënnerstëtzung:  Wiltz

 

 

2017121503

2017121507

2017121509

Lëtzebuerger Owend 2017

  • Veröffentlicht: Samstag, 21. October 2017 13:03
  • Zugriffe: 2887

Den 11. November 2017 organiséiert d'Amicale vun de Pompjeeë Béiwen en Lëtzebuerger Owend zu Kauneref. Kuckt de Flyer hei ënnendrënner vir weider Detailer.

Mer wënschen elo well e gudden Appetit a gesinn eis den 11. November ab 19:00 Auer zu Kauneref!

 

letzebuerger owend 2k17 front 01

letzebuerger owend 2k17 back 01

Wetter aktuell

CISLAC Extranet

Angemeldet bleiben